Aktualiséiert den
Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag 2025
Fannt hei de Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag 2025.
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
All Joers, den 23. Juni, feiere mir eis Natioun. Alles dat wat eis verbënnt an zesummebréngt. Mir feiere Lëtzebuerg.
E Land am Häerz vun Europa, an deem iwwert honnert Nationalitéite fräiwëlleg zesummen a Fridden, Fräiheet a Wuelstand liewen.
Mee dëst Joer ass dësen Dag awer anescht wéi soss. Engersäits, well de ganze Weekend am Zeeche vum 25. Trounjubiläum vum Grand-Duc Henri steet. E Moment fir zeréckzekucken a Merci ze soen.
An anersäits, well mir spieren, dass d'Welt ronderëm eis am Ëmbroch ass. Et beweegt sech eppes Fundamentales.
Béid Momenter doen eis, all zesummen, ee Moment stoe bleiwen an nodenken.
Mir hunn e Land gebaut, an deem keen Angscht viru Krich brauch ze hunn, an deem Wuelstand geschaf gëtt, an deem e faire Start an d'Liewe méiglech ass.
A mir hunn eis ëm Wäerter beméit. D'Wäerter vu Fräiheet, Dialog an Demokratie. Si sinn déi grondleeënd Basis vun eisem Succès.
Mir sinn zu Recht houfreg op dee Succès.
Et ass un eis fir dee Succès, dee sozialen a wirtschaftleche Wuelstand, ze sécheren. Et ass un eis fir déi Wäerter vu Fräiheet an Demokratie weider mat Liewen ze fëllen.
Näischt wat et derwäert ass ze hunn, kënnt vum selwen. Dat gëllt fir e Land grad sou wéi fir seng Leit. Fridden, Fräiheet an Demokratie kommen net vum selwen.
Alles dat brauch Asaz. All Dag. Fir ze bleiwe wat mir sinn, musse mir ëmmer viru maachen. Ma ouni eis gemeinsam Wäerter aus den Aen ze verléieren.
Dat ënnerscheet e Land vun enger Natioun.
E Land markéiert sech duerch Geographie a Grenzen. Eng Natioun markéiert sech duerch gemeinsam Dreem a Wäerter.
Eng Natioun ass eng Geschicht an en Zukunftsprojet. Mir wëlle Lëtzebuerger sinn. A mir definéieren all Dag, duerch eist Behuelen, eis Aussoen, eis Decisiounen, wat dat bedeit. Jidderee vun eis.
Lëtzebuerg ass demokratesch. Mir gestalten d'Gesetzer an engem Prozess an deem jiddereen deelhuele kann. Mir maachen dat am Dialog, mat de Leit, de politesche Parteien, de Sozialpartner, der Zivilgesellschaft.
Lëtzebuerg ass fräi. Jiddereen huet seng eege Würd an déi selwecht Grondrechter.
Lëtzebuerg ass oppen. Mir heeschen all déi wëllkomm bei eis, déi sech un dësem gemeinsame Projet bedeelegen an eppes dozou bäidroe wëllen. Mir gesinn Ënnerscheeder net als Differenzen déi net ze iwwerkomme sinn, mee als Méiglechkeet eppes Neies kennen ze léieren.
À tous ceux qui sont venus d'autres pays pour vivre et travailler ici, sachez que notre Nation et notre pays sont ouverts à vos rêves, vos idées, vos contributions. Notre fête nationale est aussi votre fête.
All dës Grondiwwerzeegungen halen eis zesummen. An deen Zesummenhalt kënnt zum Ausdrock wa mir zesummen de Succès vun eise Matbierger feieren.
Am Sport, mam Tom Habscheid a Patrizia van der Weken. Am Film, mam Vicky Krieps a Christel Henon. An der Musek, mam Laura Thorn a Gast Waltzing. A mat all deenen aneren déi eis houfreg op eist Land maachen.
An et kënnt zum Ausdrock wa mir den Owend eis Natioun – an de Grand-Duc als Symbol vun där Natioun – feieren.
Iech all wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag.
Vive de Grand-Duc!
Vive d'Grande-Duchesse, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin, an déi ganz groussherzoglech Famill!
Vive Lëtzebuerg!
Vive Europa!