Chrëschtusprooch vum Grand-Duc op Hellegowend 2025

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Et ass mir eng Éier, fir mech op Chrëschtdag eng éischte Kéier als Staatschef un Iech ze riichten. Zu dëser Joreszäit, wann eis Stroosse mat Luuchte gerëscht sinn, Frënn a Famillen zesummefannen, dann erënnere mir eis un d'Wäerter, déi eis verbannen.

de Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc

Ech hunn den 3. Oktober beim Trounwiessel Wäerter wéi Zesummenhalt, Solidaritéit, Oppenheet an Toleranz ugeschwat. Dat si Wäerter, déi net just um Pabeier stinn, mee Wäerter déi mir liewen, Wäerter, déi Brécke bauen tëschent de Leit an eiser Gesellschaft.

Mäin Tour duerch d'Land de 4. Oktober huet gewisen, wéi déi Wäerter zu Lëtzebuerg gelieft ginn. Ech wëll Iech all nach eng Kéier e ganz grousse Merci soe fir déi vill Sympathie, déi Dir eis entgéint bruecht hutt beim Trounwiessel, a besonnesch fir Äert Vertrauen. Ech wëll mäi Bescht maache fir deem Vertraue gerecht ze ginn.

Mat menger Fra, der Grande-Duchesse Stéphanie, probéiere mir esou vill wéi méiglech um Terrain bei de Leit ze sinn. Vum nächste Joer u kënnt nach eng Geleeënheet dobäi, wou mir Iech wëlle begéinen: d'Joyeuses Entrées sinn eng Traditioun no engem Trounwiessel. Mir besichen da fënnef verschidde Regiounen am Land. Mir freeën eis drop, déi Momenter mat Iech ze deelen, an zesummen déi Wäerter ze feieren, déi eis als Land ausmaachen.

Elo steet awer Mol Chrëschtdag virun der Dier a Chrëschtdag ass eng Invitatioun fir zesummen ze kommen a fir eis Wäerter ze liewen. Et ass eng Joreszäit vu ville Symboler a mat genee esou villen verschiddene Bedeitunge fir jidderee vun eis.

Fir déi eng, ass et eng festlech Paus vum Rhythmus am Alldag;

fir anerer, ass dës Joreszäit e wichtege Moment an hirem Glawen;

fir vill, ass et einfach eng Zäit am Joer, fir mat hire Léifsten zesummen ze kommen an Zäit mat hinnen ze verbréngen.

Onofhängeg vun den Traditiounen an Iwwerzeegungen, invitéiert d'Chrëschtzäit eis dozou nozedenken, wéi mir eis Verbonnenheet mat anere Mënschen zum Ausdrock bréngen.

D'Embleemer, déi mir mat dëser Joreszäit verbannen, spigelen dës verschidden Opfaassungen erëm. Déi Symboler, déi mir dëser Deeg vill gesinn, hunn alleguerten eng déif Bedeitung déi an de Wäerter vu Chrëschtdag verankert ass.

Esou gi mir eis vill Méi eis Stroossen, eis Gäert, eis Fënsteren, an eis Stuff doheem mat Luuchte fir Chrëschtdag ze rëschten. Wann d'Wanternuecht am däischtersten ass, liichten déi Chrëschtdagsluuchten am schéinsten. An domat stinn se och fir Hoffnung an onsécheren Zäiten.

De Krich an der Ukrain huet de Fridden an d'Sécherheet, déi mir an Europa als eng sécher Errongenschaft ugesinn hunn, a Fro gestallt. Och fir eist Land am Häerz vun der Europäescher Unioun, dem gréisste Friddensprojet vun eiser Zäit. Awer trotz dëser Realitéit gesi mir och Resilienz: bei den Ukrainer, an Europa, wou national an international Geste vu Solidaritéit Hoffnung ginn an eis drun erënneren, datt Zesummenhalt a Krisenzäiten am wichtegsten ass.

D'Liichter, déi d'Däischtert verdreiwen, schenken eis Wäermt a weisen eis de Wee.

Déi Luuchten hänken traditionell och un engem vun de beléiftste Symboler vu Chrëschtdag, dem Chrëschtbeemchen. Ee Bam, deen dem Wanter trotzeg entgéint kuckt. Säi gréngt Kleed weist eis d'Verantwortung, déi mir fir eis Ëmwelt a fir d'Weltklima droen, an domadder och fir zukünfteg Generatiounen. Seng Wuerzelen erënneren eis un d'Wichtegkeet vu staarken Institutiounen a Stabilitéit déi eist Land prägen, grad an Zäiten, wou mir no Halt sichen.

Ënnert de Beemche leeë mir gäre Kaddoe fir déi, déi eis léif sinn. Cadeauen, op déi d'Kanner säit Deeg ongedëlleg waarden, och wann de Kleeschen se vläit scho bruecht huet. Mee déi Kaddoe mussen eis och dorun erënneren, dass vill Leit an der Welt net dee Wuelstand genéissen, wéi mir en zu Lëtzebuerg kennen.

An och hei am Land gëtt et Aarmut a Prekaritéit. Net jiddereen huet een Daach iwwert dem Kapp an déi héich Liewenskäschte maachen et ville Léit schwéier, iwwer d'Ronnen ze kommen, zumools den elengerzéienden Elteren an de Jonken, déi an der Beruffswelt ufänken.

Chrëschtdag ass och dee Moment, wou mir eis solle bewosst ginn, dass eis Freed eréischt komplett ass, wa se gedeelt gëtt. Eist gemeinsaamt Engagement soll dorop ausgeriicht sinn, eng Gesellschaft ze fërderen, an där all Famill Kaddoe vun Dignitéit a Chancëgläichheet opmaache kann.

Zu Chrëschtdag gehéiert och de séisse Geroch vu Kichelcher, deen eis un eis Traditiounen erënnert. Eng Identitéit, déi mir mussen erhalen, déi mir musse verstäerken duerch eis gelieften Oppenheet an Innovatioun, déi eist Land opbléie loossen.

All Joer em dës Zäit lauschteren an entdecke mer op en Neits Chrëschtdaagslidder déi mir, fir verschiddener, och grad esou gären am Januar erëm vergiessen. Déi Musek, déi mir zesumme sangen a lauschteren, verbënnt eis mat deenen aneren, och mat Leit, déi vläicht net eis Sprooch schwätzen.

Comme les voix qui s'élèvent et s'accordent dans un chant de Noël, nos différences peuvent former une symphonie lumineuse lorsque nous prenons le temps d'écouter et de faire vivre le dialogue. La diversité de nos opinions et de nos origines n'est pas un obstacle, mais une mosaïque qui fait la richesse de notre société.

Si nous cultivons la patience, le respect et la volonté de bâtir des ponts, alors nos contrastes deviendront des couleurs d'un même tableau et les distances, qui parfois nous séparent, se transformeront en chemins qui nous rapprochent.

Et gëtt nach ee Symbol dat mir besonnesch wichteg ass. De Chrëschtdaagsstär un der Spëtzt vum Beemchen ass net nëmmen eng Dekoratioun, mee d'Liicht an der Stärennuecht dat d'Häerzer zesummeféiert. Chrëschtdag ass de Moment wou d'Weeër sech kräizen, wou Frënn, Famill an Aarbechtskolleegen sech ronderëm eis Traditioune versammelen. Mir deelen en Iessen a schenken eis Kaddoen an Hoffnung. Wéi an all Famill ginn et heiansdo Meenungsverschiddenheeten: wa mir den Dialog sichen amplaz vu Sträit a Spléckung, da kënne mir och als Gesellschaft méi harmonesch zesumme liewen.

Andeems mir anere Guddes dinn, kréie mir selwer esouvill erëm. D'Freed, d'Dankbarkeet an d'Liichten an den Ae vun eisem Vis-à-vis maachen eis selwer glécklech, a ginn eis selwer Kraaft.

Fir déi Gleeweg ass Chrëschtdag och e ganz spezielle Moment am Joer. De Glawe gëtt eis Hoffnung an erënnert eis drun, datt Liicht och an de schwieregsten Zäiten do ass. De Stär, deen iwwer Bethlehem geblénkt huet, war e Signal, huet de Wee gewisen, an invitéiert eis mat Hoffnung an Zouversiicht an d'Zukunft ze kucken.

Jo, an der Diversitéit vun eisen Iwwerzeegungen a Glawensrichtunge verbannen eis Wäerter wéi Matgefill, Nächstenhëllef a Fridden. Dës Joreszäit invitéiert eis, fir iwwer eis selwer erauszewuessen a fir déi ze suergen, déi an Nout sinn, fir datt keen eleng bleift an d'Wäermt vun der Solidaritéit jiddereen erreecht.

An engem klenge Land si mir net nëmmen Noperen, mee eng Famill. Eng Famill, an där jidderee seng Plaz huet, seng Stëmm, seng Verantwortung. Si mécht eis staark, well se op Vertrauen, Solidaritéit an Zesummenhalt baut.

Dat ass d'Stäerkt vun eisem Land: kleng an der Gréisst, mee grouss an der Eenheet.

Loosst mech zum Schluss nach e Wuert riichten un déi, déi duerch hiren Asaz an hir Aarbecht zu eisem Zesummenhalt bäidroen. Dat sinn zum engen déi vill Benevollen, déi sech d'ganzt Joer an den Associatiounen a Veräiner an hirer Fräizäit engagéieren. Dat sinn zum aneren déi Leit, di wärend de Festdeeg, an och soss, am Déngscht vun der Gesellschaft stinn: an de Spideeler, dovun och vill Frontaliere, bei den Noutdéngschter, an der Police, an der Arméi, souwéi aneren essentielle Servicer. Ech wëll iech en häerzleche Merci soe fir ären onermiddlechen Engagement dee vun eis all gespuert a geschätzt gëtt.

May the year ahead be one in which we grow closer to one another. Together, we can build a future that reflects the best of who we are.

I wish you all a peaceful Christmas, joyful holidays, and a happy New Year.

Je vous souhaite à tous un joyeux Noël et une nouvelle année pleine de joie, de rencontres et de réussite.

Schöne Weihnachten und ein frohes neues Jahr.

Feliz Natal e bom ano novo.

Ech wënschen Iech, zesumme mat menger Fra, eise Kanner an der ganzer Famill, schéi Chrëschtdeeg an nëmmen dat Bescht fir d'neit Joer.

Thema

Monarchie

Event Datum

24.12.2025