Aktualiséiert den
Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag 2026
Fannt hei de Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag.
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Mir all hunn eis eege perséinlech Geschicht.
En eegene Liewenswee, mat Erfarungen hannert eis, an Dreem virun eis.
Ma jidder eenzele vun deene Liewensweeër schreift sech an an eng méi grouss Geschicht – déi vun onsem Land.
Eng Geschicht mat Dausenden an Dausende vun Auteuren.
Well mir all droen eppes zu onsem Land bäi – an eiser Noperschaft, am Benevolat, am Beruff.
- An dofir ass Nationalfeierdag e gudde Moment fir un dat ze denken, wat mir gemeinsam hu mat alle Leit mat deene mir eist Land deelen: eis Wäerter a Prinzippie vu Fridde, Fräiheet an Demokratie;
- eis Iwwerzeegung, dass mir gemeinsam méi erreeche kënne wéi eleng;
- eis Bereetschaft ee fir deen aneren do ze sinn.
Alles dat ass an dëse Jore sou wichteg wéi scho laang net méi.
Well eis Welt ass am Ëmbroch.
Vill Leit maache sech berechtegt Suergen:
- Iwwer d'Entwécklungen an der Welt – an der Ukrain, am Noen Osten, an Afrika an op villen anere Plazen.
- Iwwer déi wirtschaftlech, sozial an technologesch Perspektiven – fir Lëtzebuerg, ma och fir ganz Europa.
- Iwwert d'Zukunft – fir sech selwer, eis Kanner an eist Land.
An awer gëtt grad an esou Momenter kloer, op wat et wierklech ukënnt.
Op déi Mënschen, op déi mir eis verloosse kënnen.
Op d'Gemeinschaft – heiheem an an Europa – zu där mir gehéieren.
Op de Geescht vum Mateneen, an dem Respekt virun ënnerschiddleche Meenungen.
Dat war ëmmer eng vun eise Stäerkten: eis Fäegkeet, openeen duerzegoen, nozelauschteren, a gemeinsam Léisungen ze fannen.
Dat ass de Geescht an deem och dës Regierung schafft – an alle Beräicher.
An dat war de Geescht an deem mir déi leschte Woche mat de Sozialpartner geschafft hunn a versicht hu Brécken ze bauen.
Als Regierung hu mir hir ënnerschiddlech Perspektiven a Suergen net verdrängt oder kléng geriet.
Mir si se gemeinsam ugaangen – am Gespréich an am Respekt, mat Versteesdemech a mat oppenem Ouer.
Dat ass de Lëtzebuerger Wee.
Egal wéi grouss d'Defie virun eis sinn, mir hunn e Choix.
Mir kënnen entscheeden, wéi mir als Gesellschaft dorop reagéieren.
Mat Angscht. Oder mat Verantwortung.
Mat Pessimismus. Oder mam Wëllen, zesummen no vir ze goen.
A well de Lëtzebuerger Wee dee vum Mateneen ass, ass et och en europäesche Wee.
An enger Welt vun Onsécherheet muss Lëtzebuerg mat sengen europäesche Partner zesumme stoen.
Fir seng Wäerter.
Fir seng Sécherheet.
A fir seng Zukunft.
Well d'Zukunft ass keng Fatalitéit, se ass e Choix.
Mir schreiwen eis eegen Zukunft – als Mënschen, als Land, an als Europa.
Dofir wënschen ech mir op dësem Nationalfeierdag, dass mir all zesummen un engem Strang zéien:
- fir eng Gesellschaft an där jidderee sech abrénge kann,
- fir e Sozialmodell dee keen am Ree stoe léisst,
- fir eng Wirtschaft, di dréint, déi innovativ ass an Aarbechtsplaze schaaft,
- fir e Liewensmodell deen d'Limitte vun eisem Planéit respektéiert,
fir e Land dat mat senge Partner an der Welt zesummeschafft.
Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Mir hu villes op dat mir kënnen houfreg sinn.
An Nationalfeierdag ass e Moment, fir zesummen houfreg ze sinn.
Houfreg op dat, wat Generatioune virun eis a mir selwer opgebaut hunn.
Houfreg op dat, wat mir haut sinn.
Houfreg op dat, wat mir nach kënnen a wëlle ginn.
An houfreg och op eisen neie Grand-Duc Guillaume, deen, zesumme mat der Grande-Duchesse Stéphanie, di éischt Méint vu sengem Règne op eng exemplaresch Manéier eist Land no banne verbonnen a no bausse representéiert huet.
À toutes celles et à tous ceux qui vivent et travaillent chez nous, je veux leur dire que cette fête nationale est aussi la leur.
Ce que le Luxembourg fête en ce jour, c'est aussi le résultat de votre contribution remarquable au développement économique, social et culturel de notre pays.
Ech sinn iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg gutt fir d'Zukunft opgestallt ass.
Net well all Problemer geléist sinn.
Mee well ech un den Zesummenhalt an eisem Land an an Europa gleewen, an un eis gemeinsam Stäerkt fir all d'Defien unzegoen.
An dat ass e Grond, op eisem Nationalfeierdag mat Vertrauen no vir ze kucken.
Vive de Grand-Duc.
Vive eis groussherzoglech Famill.
Vive Lëtzebuerg.
Vive Europa.