Pressekonferenz iwwert d'Reprise am Cycle 1 vun der Grondschoul, de Crèchen an de Kompetenzzenteren

De 25. Mee fänkt déi drëtt Phas vun der Reprise vun der Schoul a vum Accueil zu Lëtzebuerg un.

Op der Pressekonferenz stellt de Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, d’Modalitéite vun der Organisatioun vum Cycle 1 vun der Grondschoul, de Crèchen an de Kompetenzzentere fir Psychopädagogie vir. Hie gëtt och Präzisiounen iwwert déi speziell adaptéiert Schutzmoossname fir déi kleng Kanner an d’Schüler mat spezielle Besoinen.

De Livestream fänkt géint 14:30 Auer un.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fann Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass kuerz drop op youtube disponibel.

 

Aktualiséiert