GovTech Lab Luxembourg

©MinDigital

Aleedung

De Lëtzebuerger Staat verfügt neierdéngs iwwer ee GovTech Lab, deen d'GovTech an d'oppen Innovatioun matenee kombinéiert, fir d'Entwécklung an d'Verbesserung vun den digitalen ëffentleche Servicer ze beschleunegen.

D'Zilsetzung vum GovTech Lab, deen aus enger Zesummenaarbecht tëschent dem Digitaliséierungsministère a senger technologescher Hand, dem staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE), entstanen ass, ass et, eng Kultur vun Innovatioun a Verännerung beim Staat ze encouragéieren an ze ënnerstëtzen. Deemno sollen déi besteeënd Prozeduren an déi operationell Ofleef iwwerduecht a Prinzipie wéi den Digital by Default, den Design Thinking oder de Service by Design an d'Gestaltung vun neie Léisunge mat abruecht ginn.

De Grondgedanke vum Lab ka mat follgende Wierder resuméiert ginn: experiment, exchange, innovate.

Firwat ee GovTech Lab zu Lëtzebuerg?

Eng vun de strategeschen Achse vum Ministère betrëfft d'Weiderentwécklung vum eGovernment, an de GovTech Lab ass eng vun den Aktiounen, déi den Digitaliséierungsministère an dësem Beräich ëmsetzt.

Wat bedeit GovTech?

De Begrëff GovTech ass relativ rezent a bezeechent d'Benotzen oder d'Entwécklung vun technologesche Léisungen, déi d'digital Transformatioun vum ëffentleche Secteur virundreiwe sollen, mam Zil, d'Qualitéit vun de Servicer géintiwwer de Bierger an de Betriber ze verbesseren an iwwer méi gëeegent Tools ze verfügen, déi d'Effizienz vun den ëffentleche Verwaltungen ënnerstëtzen.

Méi genee representéiere bzw. ënnerstëtzen d'GovTech d'Evolutioun zum Digital Government, dee sech duerch einfach, sécher, zougänglech an effizient Servicer fir d'Bierger charakteriséiert. Wuertwiertlech steet GovTech fir "Technologië fir d'Regierung", opgebaut wéi d'Begrëffer FinTech ("Technologië fir d'Finanzen") oder MedTech ("Technologië fir d’Gesondheet"). Allerdéngs ëmfaassen d'GovTech eng méi breet Palett vun Aktiounen, déi den ëffentleche Secteur méi gewieweg a méi orientéiert op d'Innovatioun maache sollen, fir esou d’ëffentlech Servicer technologesch méi funktionell ze gestalten.

D'GovTech ginn ugesinn als Vermëttler bei den Echangen tëschent der ëffentlecher Verwaltung an de Bierger oder den Entreprisen, an tëschent de Verwaltunge selwer. Dëst ënnersträicht de grousse Potential vun de GovTech-Léisunge fir d'Wirtschaft, d'digital Transformatioun an d'Attraktivitéit vum Land.


Wat bedeit oppen Innovatioun?

Allgemeng entsprécht d'oppen Innovatioun all den Innovatiounsprozeduren, déi op Deelen an Zesummenaarbecht baséieren. Si soll op Kenntnisser ausserhalb vun hirem gewéinlechen Ëmfeld zeréckgräifen, fir ze vermeiden, datt isoléiert geschafft gëtt.

Dës extern Kenntnisser beräicheren d'Innovatiounsaktivitéiten a stellen e grousse Virdeel duer: D'Iddie gi besser mat de besteeënde Besoine verbonnen a ginn och éischter den Erwaardunge vun de Benotzer gerecht. D'Entwécklungsléisunge fërderen d'Qualitéit vun den erziilten Iddien a verstäerken d'Rapiditéit vun der technologescher Entwécklung.

D'Benotze vu der oppener Innovatioun an dem ëffentleche Secteur huet d'Zilsetzung, déi besteeënd extern Kenntnisser ze benotzen, dat heescht, d'Aféiere vun Iddien, Kompetenzen oder innovativen Technologië vun Entreprisen, Start-uppen, Selbstännegen/Freelancer, Studenten oder Fuerscher, déi d'Innovatioun beim Staat wëllen ënnerstëtzen a verstäerken.  Dës Methodologie ass am private Secteur scho wäit verbreet, a mam GovTech Lab gëtt se elo och am lëtzebuergeschen ëffentleche Secteur agefouert.

D'Missioune vum GovTech Lab

De GovTech Lab huet dräi Missiounen, fir dem Zil vum Digitaliséierungsministère a vum CTIE gerecht ze sinn.

Mat "Calls for challenges" an "Calls for solutions" d'Innovatioun beim Staat beschleunegen

Et handelt sech ëm eng duebel Missioun: Engersäits geet et drëm, duerch "Calls for challenges" (Opriff fir Erausfuerderungen) eng Kultur vun der Innovatioun bei de Verwaltungen ze entwéckelen. Iwwer dee Wee kann eng ëffentlech Verwaltung, bestoend Problemer mellen, déi mat Hëllef vun innovativen (digitalen, technologeschen oder konzeptuellen) Léisunge verbessert oder geléist kéinte ginn. Anerersäits, no der Identifizéierung vun enger Erausfuerderung, déi vun enger oder méi Verwaltunge proposéiert gouf, verëffentlecht den Digitaliséierungsministère en "Calls for solutions" (Opruff fir Léisungen). D'Zil ass, mat externen Acteuren, wéi Start-uppen, Fuerscher, Selbstännegen, Betriber, oder och Studenten asw. zesummenzeschaffen, fir innovativ Léisungen ze entwéckelen.

Duerch spezialiséiert Evenementer eng GovTech-Communautéit schafen  

De GovTech Lab ergänzt dat besteeënd Ekosystem vu sëllegen Acteuren, déi innovativ Léisungen entwéckelen a fërderen. E soll d’Dréischeif schlechthi gi vun den digitale Bedierfnesser, den neien Technologien an den innovative Léisunge beim Staat. An deem Sënn wäerten transversal oder spezialiséiert Evenementer organiséiert ginn, intern beim Staat, awer och mat externen Acteuren fir eng GovTech-Communautéit zu Lëtzebuerg ze schafen.

E Referenz- an Treffstanduert fir d’Staatsbeamte schafen, déi sech fir d'GovTech interesséieren

An Zukunft wäert de GovTech Lab och iwwer en innovativen Espace am neie Gebai vum CTIE verfügen, fir esou den Echange tëschent de Verwaltungen an/oder den Ekippe vum CTIE ze vereinfachen an d'Kreativitéit ze stimuléieren, mam Zil d'Iddien ze testen.

"Calls for solutions"

Fir seng "Calls for solutions" gräift den Digitaliséierungsministère esou wäit wéi méiglech op Innovatiounspartnerschaften zeréck. Duerch eng manner restriktiv Prozedur um Niveau vun den ëffentlechen Ausschreiwunge kann esou d'Participatioun vun den externen Acteuren erweidert ginn.

De GovTech Lab huet d'Zilsetzung, an der Moyenne all Joer 2 "Calls for solutions" ze lancéieren. Jee no der Komplexitéit vun der gesichter Léisung, dauert d’Prozedur am GovTech Lab tëschent 8 a 14 Méint.

En anere Virdeel vun der Innovatiounspartnerschaft ass, datt an e puer Etappe geschafft ka ginn:

  1. Verëffentlechung vum Opruff fir Léisungen
  2. Erareeche vun de Kandidaturen
  3. Selektioun vun de Kandidaturen, déi vum Jury zeréckbehale goufen
  4. Prototypage Phase (Präisser vun 5.000 - 10.000 EUR mat maximal 5 Léisungsträger)
  5. Demo Day vum Prototyp virum Jury
  6. POC Phase (Proof of concept – Präis vu 15.000 - 25.000 EUR mat maximal 1 Léisungsträger)
  7. Presentatioun vum POC
  8. No der  POC Phase an am Fall, wou d'Léisung vum CTIE zeréckbehale gëtt, kann d'Léisung kaf ginn.

E Jury evaluéiert d'Dossieren an den Etappen 3 a 5 vun der Prozedur. Dëse Jury setzt sech zesummen aus Membere vum Digitaliséierungsministère, vum CTIE, vun der Verwaltung, déi den Challenge proposéiert huet, an aus externen Experten, déi jee nom Thema vum "Call for solutions" ausgewielt ginn.

Aktualiséiert