Eegenubau vu Cannabis

Mam Gesetz vum 10 Juli 2023 zur Ännerung vum geännerte Gesetz vum 19. Februar 1973 iwwer de Verkaf vu medikamentéise Substanzen an d'Suchtbekämpfung, gëtt den privaten Ubau vu Cannabis doheem ënner bestëmmte Bedéngunge legaliséiert. Op dësem Wee wëll een d'Gesondheetsrisike reduzéieren a preventiv géint d'Kriminalitéit virgoen. Volljäreg Persounen dierfe pro Stot bis zu véier Cannabisplanzen unhand vu Som ubauen. Deemno ass och de perséinleche Konsum am private Beräich erlaabt. Autoriséiert ass den Ubau doheem oder um gewéinleche Wunnsëtz, an d'Planzen dierfen net vun ëffentleche Plazen aus siichtbar sinn.

Parallel dozou gesäit d'Gesetz eng "Entkorrektionaliséierung" vun de strofrechtleche Sanktioune fir de Besëtz vu klenge Quantitéite vu Cannabis am ëffentleche Raum vir, grad esou wéi eng vereinfacht strofrechtlech Prozedur fir bestëmmte Verhale vu volljärege Persounen, déi weiderhi verbuede sinn: et sinn dëst de Konsum, de Besëtz, den Transport an d'Uschafung am ëffentleche Raum, fir den eegene Konsum, vu maximal dräi Gramm Cannabis pro Erwuessenen.

Fir Mannerjäreger sinn des Verhale an och de Konsum weiderhi verbueden.

Weider Informatioune ginn et op  →  www.cannabis-information.lu

Aktualiséiert