Gewalt a sexuelle Mëssbrauch

Bekämpfung vu sexuellem Mëssbrauch a sexueller Ausbeutung vu Kanner

Sexualiséiert Gewalt an de Mëssbrauch vu Kanner hu schlëmm Konsequenze fir d'Affer a féieren zu laangfristegen Traumaen. Fir deem entgéintzewierken, gesinn déi nei legal Dispositioune follgend Ännerunge fir:

  • D'Strofe fir sexuelle Mëssbrauch gi verschäerft.
  • D'Verjärungsfriste fir sexuell Strofdote géint Mannerjäreger gi verlängert.
  • Bei Vergewaltegung vu Mannerjärege gëllt keng Verjärungsfrist méi.

Sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jugendlecher beschränkt sech net nëmmen op dat reaalt Liewen, mee fënnt och ëmmer méi online (am digitale Beräich) statt, z. B. duerch Grooming, d'Sammlung vu kannerpornographeschem Foto- a Videomaterial, de Streaming vu sexuellem Mëssbrauch oder sexuell Erpressung um Internet. Dat neit Gesetz iwwert sexuell Gewalt mécht keen Ënnerscheed ob de Mëssbrauch online oder offline begaange gouf; déi verlängert Verjärungsfriste gëlle fir all Kontext. De Code pénal gouf ugepasst fir den internationale Verflichtungen am Beräich vum Kanner- a Jugendschutz gerecht ze ginn, a fir d'Lacunnen, déi duerch déi rasant technologesch Entwécklungen entstane sinn, ze behiewen.

Haaptelementer vum neie Gesetz

Zesummefaassend, beinhalt dat neit Gesetz follgend Haaptaspekter:

Definitioun vun der Awëllegung zu enger sexueller Handlung

  • Kriminaliséierung an effektiv Bestrofung vun all sexuell Handlung ouni Awëllegung, och da wann d'Affer kee physesche Widderstand geleescht huet.
  • D'Awëllegung kann zu all Ament virun oder wärend der sexueller Handlung zeréckgezu ginn.

Eng méi prezis Definitioun vu Vergewaltegung a Schafe vum autonome Strofdotbestand "Vergewaltegung vu Mannerjäregen"

  • All Akt vu sexueller Penetratioun bei engem Kand vu manner wéi 16 Joer gëtt als Vergewaltegung bezeechent, well d'Kand deem net zoustëmme kann an den Erwuessenen sech deem ënner kengem Virwand higinn dierf.
  • (Eng Ausnam ass d'Klausel "Teenager-Léift" fir 13- bis manner wéi 16-Järeger, wann den Altersënnerscheed mat der anerer Persoun net méi wéi 4 Joer ausmécht.)
  • Den Uwendungsberäich ass op den digitalen Espace ausgedeent ginn.
  • Vergewaltegung vu Mannerjäregen: et gëtt preziséiert, dass eng sexuell Handlung "op enger Persoun ausgefouert gëtt, déi deem net zoustëmmt, oder mat Hëllef vun enger Persoun, déi deem net zoustëmmt". Domat gëtt de Fall ofgedeckt, wou d'Affer dozou bruecht oder gezwonge gëtt eng sexuell Penetratioun un der Persoun vum Täter – also der Persoun déi d'Handlung befeelt –, um eegene Kierper oder um Kierper vun enger drëtter Persoun virzehuelen.

Aus "Verletzung vun der Schimmt" gëtt "sexuellen Iwwergrëff"

  • Als sexuellen Iwwergrëff bezeechent een eng sexuell Handlung op oder mat enger Persoun, oder de Fakt eng Persoun zu enger sexueller Handlung ze beweegen, déi deem net zoustëmmt. Déi selwecht Strofe kënnen och verhaange ginn, wann d'Affer net an der Lag ass seng fräi Awëllegung zu ginn oder Widderstand ze leeschten.
  • Et gëllt ervirzehiewen, dass den Artikel kloerstellt, dass d'Strofdot op oder mat Hëllef vun der betraffener Persoun duerchgefouert gëtt, och da wann d'Persoun zu enger sexueller Handlung um eegene Kierper oder op enger drëtter Persoun gezwonge gëtt. D'Strofdot besteet deemno souwuel wann d'Affer zu enger sexueller Handlung un der Persoun vum Täter, op hirem eegene Kierper oder op enger drëtter Persoun gezwonge gëtt.

Erweiderung vun de Sanktioune fir Inzest op d'Vertrauenspersoune vum Mannerjäregen

  • All sexuellen Iwwergrëff, dee vun engem Elterendeel, vun engem legitimmen, natierlechen oder adoptive Familljemember, vun engem Familljemember vun der Säitelinn bis zum drëtte Grad, oder vun engem abestuede Familljemember bis zum drëtte Grad begaange gëtt, gëtt mat enger Prisongsstrof vun tëschent 5 an 10 Joer a mat enger Geldstrof vun 251 bis 75 000 Euro sanktionéiert.
  • Déi selwecht Sanktioune gëlle wann de sexuellen Iwwergrëff vun enger Persoun begaange gouf, mat där déi uewe genannte Persounen normalerweis liewen oder gelieft hunn. 
  • Déi selwecht Sanktioune gëlle wann de sexuellen Iwwergrëff vu follgende Persoune begaange gouf: vun enger Persoun, déi d'Opsiicht vum mannerjäregen Affer huet, vun enger Persoun, déi hir Opsiichtsfunktioun, unerkannte Vertrauensstellung oder hiren Afloss mëssbraucht, oder vun enger Persoun, där de Mannerjäregen uvertraut gouf an déi fir d'Kand zoustänneg ass.
     

Verlängerung vun de Verjärungsfristen an "Onverjärbarkeet" fir déi schlëmmst Sexualvebriechen

Strofdotbestand
Verjärungsfrist

Sexuellen Iwwergrëff un enger mannerjäreger Persoun vu méi wéi 16 Joer

10 Joer ab Volljäregkeet

Sexuellen Iwwergrëff un enger mannerjäreger Persoun vu manner wéi 16 Joer

  • 20 Joer ab Volljäregkeet fir Delikter
  • 30 Joer ab Volljäregkeet fir Crimen

Sexuellen Iwwergrëff a Form vun Inzest un enger mannerjäreger Persoun

30 Joer ab Volljäregkeet

Vergewaltegung vu Mannerjäregen

Keng Verjärungsfrist

-------------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Aktualiséiert