Tickete kafe fir een Event : Rechter vun de Konsumenten

Intro  

Concerten, Fussballmatcher, Ausstellungen a Festivallen si Manifestatiounen, déi vill Leit unzéien. Dobäi ass et wichteg un d’Rechter vun de Konsumenten ze erënneren, déi an dësem Kader musse respektéiert ginn. Dozou gehéieren ë. a. d’Präis-Transparenz an den Zougang zu den Informatiounen iwwert Remboursement an Annulatioun.

Ticket-Verkaf  

D’Organisateure vu grousse kulturellen a sportlechen Events verkafen hir Tickete seele selwer. Dacks gräifen si op professionell Ticket-Servicer zréck, déi eng Provisioun fir all verkaaften Ticket kréien.

Wichteg Punkten 

De Professionelle muss de Konsument virum Verkaf bestëmmten Informatioun an enger klorer a verständlecher Form matdeelen. Ënnert anerem musse follgend Informatioune matgedeelt ginn:

  • Déi wichtegst Elementer vum Ticket, wéi de Präis, d’Kategorie oder Sëtzplaz, am Fall wou een seng Plaz net ka fräi wielen;
  • D’Identitéit vum Professionellen, mat deem de Konsument de Kontrakt ofschléisst;
  • Informatiounen zum Widerrufsrecht, d’Modalitéite vum Traitement vu Plainten, d'Liwwerzäit asw.

Et ass och wichteg fir op d’Assurance-annulation opzepassen, déi dacks als Supplement ugebuede ginn, wou awer de Spektrum vun de Konditiounen déi net drënner falen dacks ganz breet ass.

Donieft ass ze bemierken, dass am Präis vum Ticket net ëmmer all Supplement dran ass (Bsp : Frais d’envoi, frais de dossier). Dës Fraise kënnen, jee no Event an Tickets-Kategorie, tëschent e puer Cent an e puer Euro leien. Och dës Fraise musse kloer an däitlech ugewise ginn.

Widerrufsrecht   

Et ass wichteg sech gutt ze informéieren a mat Suergfalt ze iwwerleeën, éier een een Ticket keeft, well en Ticket an der Reegel net kann zréckgi ginn. Falls d’Manifestatioun awer annuléiert gëtt, ass ee komplette Remboursement obligatoresch.

Dofir gëtt dréngend gerode fir d’Conditions générales de vente am Virfeld ze liesen an ze verstoen.

Annulatioun 

Den Organisateur muss dem Konsument seng Suen zréckgi wann eng Manifestatioun ofgesot gëtt. Dëst bedeit, dass de Proprietär vum Ticket de Betrag vum Kafpräis muss integral zréckkréien, ouni dass dofir ee Supplement verrechent gëtt. Sou soll de Konsument vir finanzielle Verloschter geschützt ginn, bei enger Ofso, fir déi hie selwer keng Schold huet.

Report  

Am Fall wou den Datum vun engem Event verluet gëtt huet de Konsument d’Wiel tëschent dem Remboursement oder der Gültegkeet vum Ticket fir deen neien Datum. De Konsument huet also 2 Optiounen :

  • Gültegkeet vum Ticket fir den neien Datum : Den Ticket bleift gülteg, falls den neien Datum dem Konsument och passt;
  • Ufro fir ee Remboursement: Wann den Datum dem Konsument net sollt passen, kann hien no engem integrale Remboursement froen.

D’Konditioune fir de Remboursement musse vum Organisateur kloer a verständlech matgedeelt ginn. Hei ass et awer wichteg, fir d’Delaien an d’Modalitéite vum Remboursement ze respektéieren.

Net-offiziell Plattforme fir de Weiderverkaf 

Heiansdo ass et schwiereg fir Tickete fir spezifesch Manifestatiounen ze kréien an d’Tentatioun ass grouss, fir Tickete via net-offiziell Plattforme fir de Weiderverkaf ze kafen. Sou ee Kaf bréngt allerdéngs eng sëllege Risike mat sech, wéi z. Bsp. gefälschten Ticketen oder de Risiko fir guer keen Ticket ze kréien.

Och muss een sech bewosst sinn, dass een op dëse Plattforme fir säin Ticket dacks een iwwerdeierte Präis bezillt. Falls den Event annuléiert gëtt, kritt een och just den offizielle Betrag zréck, wat zu finanzielle Verloschter féiert.

D’Politik vum Remboursement un den offizielle Keefer kann och Problemer maachen, wann een säin Ticket op net-offizielle Plattforme keeft. Well de Remboursement dann un den offizielle Keefer gemaach gëtt, där hiren Numm och um Ticket steet. Op den Ticketen, déi op net-offizielle Plattforme kaf ginn, steet awer meeschtens de Numm vun enger onbekannter Persoun. De Remboursement erweist sech dann als schwiereg oder souguer als onméiglech.

Dofir gëtt recommandéiert fir Ticketen iwwert déi offiziell Kanäl ze kafen. Sou ass séchergestallt dass een authentesch Tickete kritt an dass d’Reegelen am Fall vun engem Remboursement och respektéiert ginn. Donieft evitéiert ee weider Käschten an et ass séchergestallt, dass een all Informatioune vum Organisateur direkt matgedeelt kritt am Fall vun enger Annulatioun oder wann een Event verluet gëtt.

Aktualiséiert