Innovative Initiatives

"Innovative Initiatives" ass 2014 vum Premierminister an d'Liewe ginn an ass net nëmmen Deel vun der Digitaliséierungsbeweegung zu Lëtzebuerg, mee och säi gréissten Alliéierten. "Innovative Initiatives" ass eng multidisziplinär a kollaborativ Regierungsinitiativ, fir déi den Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda d'Responsabilitéit dréit. Si iwwerhëlt d'Roll vum Katalysator fir Innovatiounen duerch d'Ënnerstëtzung vun Initiativen, der Aféierung vun neien Iddien an dem Austausch vu Geschichten aus dem Ökosystem.

 

D'Ziel vun dëser Initiative ass et, déi positiv Verännerung vun eiser Gesellschaft duerch Digitaliséierung ze erreechen. D'Aufgabe bestinn aus der:

  • Initiéierung vun neie Projeten
  • Ënnerstëtzung vu bestoenden Initiativen an
  • Verbreedung vun Informatiounen iwwert déi digital Beméiungen zu Lëtzebuerg

D'Initiativ erméiglecht an ënnerstëtzt nei a bestoend Projeten, déi de Besoinen vum Land entspriechen an zu enger positiver Verännerung bäidroen. Si dréit zum Erfolleg bäi, andeems se ëffentlech Partenariater erliichtert, d'Finanzéierung sécherstellt an d'Visibilitéit erhéicht.

Am Kader vun dëser Aufgab, ass och d'Plattform "Innovative Initiatives" ageriicht ginn, eng wuessend Datebank mat Initiativen an Informatiounen. D'Plattform stellt ëffentlech-privat Partenariater an ëffentlech Initiativen zu Lëtzebuerg an de Beräicher digital Kompetenzen, Datepolitik, Connectivitéit an nei Technologie vir. Niewt der Datebank mat Initiativen hieft d'Plattform och d'Efforten ervir, déi am Kader vun der Digitaliséierungsbeweegung am Land gemaach goufen, duerch d'Publizéiere vun Initiativen a Aktualitéiten am Ökosystem.

Aktualiséiert