REGIERUNG BETTEL/SCHNEIDER/BRAZ

D'Regierungsmembere vum 5. Dezember 2018 bis den 11. Oktober 2019

No de Chamberwahle vum 14. Oktober 2018 setzt sech d'Regierung folgendermoossen zesummen.

  • BETTEL Xavier
    • Premierminister
    • Staatsminister
    • Kommunikatiouns- a Medieminister
    • Kultusminister
    • Minister fir Digitaliséierung
    • Minister fir d'Verwaltungsreofrm
  • SCHNEIDER Étienne
    • Vizepremierminister
    • Wirtschaftsminister
    • Gesondheetsminister
  • BRAZ Félix
    • Vizepremierminister
    • Justizminister
  • ASSELBORN Jean
    • Aussen- an Europaminister
    • Minister fir Immigratioun an Asyl
  • SCHNEIDER Romain
    • Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung
    • Minister fir sozial Sécherheet
  • BAUSCH François
    • Verdeedegungsminister
    • Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten
    • Minister fir bannezeg Sécherheet
  • GRAMEGNA Pierre
    • Finanzminister
  • KERSCH Dan
    • Sportsminister
    • Minister fir Aaarbecht a Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft
  • MEISCH Claude
    • Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend
    • Minister fir Héichschoul a Fuerschung
  • CAHEN Corinne
    • Ministesch fir Famill an Integratioun
    • Ministesch fir d'Groussregioun
  • DIESCHBOURG Carole
    • Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung
  • HANSEN Marc
    • Minister fir d'Fonction publique
    • Minister fir d'Bezéiung zum Parlament
    • Delegéierte Minister fir Digitaliséierung
    • Delegéierte Minister fir d'Verwaltungsreform
  • TURMES Claude
    • Minister fir Energie
    • Minister fir Landesplanung
  • LENERT Paulette
    • Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten
    • Ministesch fir Konsumenteschutz
  • TANSON Sam
    • Kulturministesch
    • Wunnengsbauministesch
  • BOFFERDING Taina
    • Inneministesch
    • Ministeresch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer
  • DELLES Lex
    • Minister fir Mëttelstand
    • Minister fir Tourismus

ËMBILDUNG VUM 11. oKTOBER 2019:

De Félix BRAZ trëtt aus gesondheetleche Grënn aus der Regierung zréck. Den Henri KOX trëtt der Regierung bäi. Hie gëtt Wunnengsbauminister, delegéierte Minister fir Verdeedegung an delegéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet. De François BAUSCH, Verdeedegungsminister, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Minister fir bannenzeg Sécherheet gëtt zum Vizepremierminister ernannt a behält seng aner ministeriell Kompetenze bäi. D'Sam TANSON gëtt Justizministesch a behält hir Zoustännegkeet fir d'Kultur.