Noriichten

 Den neie Lëtzebuerger Pass weist keng technesch Feeler op an entsprécht voll a ganz den internationalen Normen. En ass ouni Aschränkung fir Grenziwwergäng an all Zorte vun Auslandsreese gülteg.

Zurzäit fënnt weltwäit eng technologesch Iwwergangsphas tëscht zwou Generatioune vu Kommunikatiounsprotokoller statt, déi benotzt gi fir elektronesch Chippen an de Päss sécher ofzeliesen. Dowéinst kann et op verschidde Fluchhäfe vereenzelt zu Schwieregkeete kommen. Lëtzebuerg huet decidéiert schonn elo den neie Sécherheetsprotokoll PACE (Password Authenticated Connection Establishment) anzeféieren, deen no an no zum internationale Standard soll ginn. Verschidde Grenzkontrollsystemer sinn awer nach net komplett un dës nei Technologie ugepasst oder nach net no de Recommandatioune vun der Internationaler Organisatioun fir zivil Aviatioun (OACI) konfiguréiert. Dofir kann et bei bestëmmten automatiséierte Grenzkontrollsystemer ("E-Gates") Problemer beim Ofliese ginn.

Wärend dëser Iwwergangsphas kann et deemno op verschiddene Fluchhäfen am Ausland virkommen, datt Persoune mat engem Pass vun der neier Generatioun, deen zanter dem 11. Mee ausgestallt gëtt, op e "klassesche" Kontrollpunkt mat engem Kontrollagent amplaz op en automatiséierte Kontrollpunkt weidergeleet ginn.

Déi Lëtzebuerger Autoritéite schaffe geziilt mat der Internationaler Organisatioun fir zivil Aviatioun (OACI), der International Air Transport Association (IATA) an alle betraffene Länner zesummen, fir d'Upassung vun de Kontrollsystemer un déi nei Norme fir d'Ofliese vu biometresche Päss ze beschleunegen.

Communiqué vum Ministère fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Verdeedegung, Entwécklungszesummenaarbecht an Aussenhandel