Weltforum a ministeriell Reunioun vun der OECD zu Lëtzebuerg "Vertraue schafen an Demokratie stäerken"

Ënnert dem Virsëtz vun der Justizministesch Sam Tanson, treffen sech den 18. November zu Lëtzebuerg Ministeren an héichrangeg Vertrieder vun den 38 OECD-Länner esou wéi OECD-Bäitrëttskandidate fir d'ministeriell Reunioun vun der OECD iwwert d'Gouvernance publique, fir konkreet Moossname fir déi dréngend Erausfuerderungen ze proposéieren, déi sech den Demokratien haut stellen. Kolumbien, Frankräich, Litauen an d'USA iwwerhuelen d'Co-Presidence vum Ministertreffen. 

Eng ministeriell Erklärung a weider wichteg Erkenntnisser ginn no der Reunioun op enger Pressekonferenz mam Sam Tanson, Justizministesch a Kerri-Ann Jones, stellvertriedend Generalsekretärin vun der OECD, virgestallt.

Virun der ministerieller Reunioun fënnt de 17. November de globale Forum vun der OECD iwwert d'Stäerkung vum Vertrauen an der Demokratie statt, wou iwwer 50 Vertrieder aus der Regierung, der Zivilgesellschaft, der Wirtschaft an dem universitäre Beräich zesummekommen, fir méi breetgefächert Perspektiven zu dëse wichtegen Erausfuerderunge virzestellen an hir Positiounen den Dag drop de Ministeren zur Iwwerpréiwung virzeleeën.

Communiqué vum Justizministère

Aktualiséiert