Nei hybrid Ausstellung vum ZLS: Invitatioun op d’Porte ouverte

Den ZLS invitéiert häerzlech op d’Porte ouverte vu senger neier hybrider Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“.

Wéini?

De 16. Oktober 2026 tëschent 9:00 a 17:00 Auer

Wou?

Am Kulturministère (4, boulevard Roosevelt, L-2450 Luxembourg)

Dräi Roll-uppe vun der hybrider Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Dës nei hybrid Offer ass eng Weiderféierung vum ZLS senger scho bekannter Wanderausstellung mam selwechten Titel, déi am Juni 2023 presentéiert gouf. Se gouf elo ëm nei Theemen erweidert – z. B. de Lëtzebuerger Schoulsystem an de Lien tëschent Sprooch a Migratioun – an déi interaktiv Elementer goufen ausgebaut. Do dernieft goufen all d’Inhalter fir méi e breede Public ugepasst, esou datt och Leit ouni Virkenntnisser vum lëtzebuergesche Kontext oder der Lëtzebuerger Sprooch kënnen dervu profitéieren.

Déi hybrid Ausstellung existéiert a fënnef Sproochen: All d’Inhalter sinn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch disponibel. Se besteet aus zwee Deeler, engem Internetsite an engem materiellen Deel mat 11 Elementer, déi a Form vu Posteren an/oder Roll-uppe kënnen ausgestallt ginn.

Den Internetsite ass gratis a kann iwwerall op der Welt consultéiert ginn:
www.sproochen-expo.lu.

Ausserdeem erlaabt en et de Leit, déi sech net kënnen deplacéieren, am digitale Raum vun der ZLS-Ausstellungsoffer ze profitéieren.

Am Géigesaz zu der klassescher Wanderausstellung kann dës hybrid Expo iwwerall op der Welt gewise ginn. Se kann awer natierlech och zu Lëtzebuerg gewise ginn a speziell d’Websäit kann als Outil an de Lëtzebuergesch-Coursen an der Schoul agesat ginn.

D’Porte ouverte ass déi ideal Geleeënheet, fir dës nei Offer vum ZLS ze entdecken.
Et besteet dee Moment och d’Méiglechkeet, sech iwwer déi praktesch Aspekter ze informéieren, wann een d’Ausstellung selwer wéilt weisen. Eng Umeldung ass net néideg.

Déi „klassesch“ Wanderausstellung vum ZLS kann do dernieft awer natierlech och weiderhin zu Lëtzebuerg ausgeléint ginn.

Event Datum

16.10.2026 09:00 - 16.10.2026 17:00