Aktualiséiert den
Trounwiessel – 3. Oktober 2025
No der Nominatioun, den 8. Oktober 2024, vum Ierfgroussherzog als Lieutenant-Représentant, feier Lëtzebuerg en historescht Evenement: den 3. Oktober 2025 dankt de Grand-Duc Henri of an den Ierfgroussherzog Guillaume wiesselt op den Troun.
De Livestream vum 3 .Oktober 2025 fannt Dir hei.
Ofdankungszeremonie vum Grand-Duc Henri am Palais
Den Dag fänkt mat der Ënnerzeechnung vum groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Ofdankung vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg duerch de Grand-Duc Henri am Palais un.
Dës Zeremonie fënnt a Präsenz vun nationalen Dignitären statt, dorënner de President vun der Chamber, Claude Wiseler, de Premierminister, Luc Frieden, de Vizepremierminister, Xavier Bettel, d'Éierestaatsministere Jean-Claude Juncker a Jacques Santer, an d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer.
Follgend auslännesch Dignitären huelen un der Zeremonie deel: Hir Majestéiten de Kinnek an d’Kinnigin vum Kinnekräich Holland a Begleedung vun Hirer Kinneklecher Altess, der Ierfprinzessin Catharina-Amalia aus Holland, Prinzessin vun Oranien; Hir Majestéiten de Kinnek an d’Kinnigin vun de Belsch, a Begleedung vun Hirer Kinneklecher Altess, der Ierfprinzessin Élisabeth, Duchesse vu Brabant; d'Presidentin vum Europäesche Parlament, Roberta Metsola an hire Conjoint, Ukko Metsola; an de President vum Europarot, António Costa.
D'Geschwëster vum Grand-Duc Henri a vum Grand-Duc Guillaume, mat hire Conjointen, grad esou wéi och d'Suitte vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse, huelen och un dësem feierlechen Evenement deel.
Bei dëser Zeremonie ënnerzeechent de Grand-Duc Henri de groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Ofdankung vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg, gefollegt vun der Ënnerschrëft vum Premierminister. Duerno hält de Premierminister eng Ried.
Vereedegungszeremonie vum Grand-Duc Guillaume
No der Ënnerzeechnung am Palais, deplacéiert sech de Cortège an d'Chamber, wou de Grand-Duc Guillaume säin Eed ofleet.
D'Sëtzung ass ëffentlech a fënnt an der Salle plénière statt, a Präsenz vun den Deputéierten, de Membere vun der Regierung, de kinnekleche Gäscht an den auslänneschen Dignitären. Wärend dëser Zeremonie gëtt de groussherzoglechen Arrêté den Deputéierte virgelies, duerno gëtt et eng Usprooch vum Premierminister Luc Frieden an eng Ried vum President vun der Chamber, Claude Wiseler. Am Uschloss dorunner leet de Grand-Duc Guillaume säin Eed of an hält seng Trounried als Grand-Duc a Staatschef. Ofschléissend gëtt dat gëllent Buch ënnerschriwwen.
Déi groussherzoglech Famill kënnt op de Balcon vum Palais
No der Zeremonie an der Chamber geet déi groussherzoglech Famill, zesumme mat den nationalen an internationalen Dignitären, zeréck an de Palais. Déi nei groussherzoglech Koppel, a Begleedung vun hire Kanner, dem Prënz Charles an dem Prënz François, kommen op de Balcon fir d'Bevëlkerung ze begréissen. Duerno kommen de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa, esou wéi och déi belsch an hollännesch Kinneksfamilljen dobäi.
De Public ass dann invitéiert fir sech um Knuedler (Place Guillaume II) ze versammelen. Déi nei groussherzoglech Koppel mat hire Gäscht ginn zu Fouss vum Palais bei d'Stater Gemeng, wou eng feierlech Séance mat enger Ried vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, ofgehale gëtt. Ofschléissend gëtt dat gëllent Buch ënnerschriwwen.
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse begéinen da kuerz d'Bevëlkerung um Knuedler, ier se zu Fouss an de Cercle Cité weiderginn.
Receptioun am Cercle Cité, offréiert vun der Regierung
Am Cercle Cité offréiert d'Regierung eng Receptioun fir déi europäesch an national Institutiounen, an de residenten an net-residenten diplomatesche Corps. D'Gäscht defiléiere virun der neier groussherzoglecher Koppel fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse ze begréissen. Dëst a Präsenz vum Premierminister Luc Frieden a vum Vizepremierminister Xavier Bettel.
Gespréich tëscht dem Emmanuel Macron an dem Luc Frieden
Um Rand vun den offiziellen Zeremonien, empfänkt de Premierminister Luc Frieden de President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, am Sennenger Schlass vir e Gespréich.
Galadinner am Palais
Den Dag geet mat engem Galadinner am Palais zu Enn, a Presenz vun enger Rei Gäscht, notamment de kinnekleche Famillje vun Holland a vun der Belsch, dem President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, mat senger Conjointe Brigitte Macron, souwéi dem President vun der Bundesrepublik Däitschland Frank-Walter Steinmeier a seng Conjointe Elke Büdenbender. Och de President vun der Chamber, de Premierminister souwéi de Vizepremierminister an hir jeeweileg Conjointen huelen um Galadinner deel.