Staatsvisite zu Lëtzebuerg vum President vun der Republik Cabo Verde, José Maria Neves, a senger Fra Débora Katisa Carvalho - Zweeten Dag

Op Invitatioun vun H.K.A. dem Groussherzog an der Groussherzogin sinn de President vun der Republik Cabo Verde, José Maria Neves, a seng Fra Débora Katisa Carvalho vum 23. bis de 25. Mee 2023 op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vum Minister fir Aussepolitik, Kooperatioun a regional Integratioun, Rui Alberto de Figueire do Soares, dem Minister vun de Communautéiten, Jorge Pedro Maurício dos Santos, an dem Minister fir Industrie, Handel an Energie, Alexandre Dias Monteiro, begleet.

Mëttwoch, den 24. Mee 2023

D'Presidentekoppel a S.K.A. de Groussherzog wäerten op Esch-Belval fueren, fir den urbane Komplex am Süde vum Land ze besichen. Si wäerten do vum Claude Meisch, Minister fir Héichschoul a Fuerschung, dem Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten a Wirtschaftsminister, dem Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht, an dem Simone Asselborn-Bintz, Buergermeeschterin vu Suessem, empfaange ginn.

No der Begréissung duerch de Jens Kreisel, Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, wäerten de Minister Claude Meisch an der President vun der Republik Cabo Verde Rieden am Maison du savoir vun der Uni halen. Donieft steet och een Treffe mat Studenten a Fuerscher aus dem Cabo Verde a Lëtzebuerg um Programm.

De Minister Franz Fayot an d'Sasha Baillie, CEO vu Luxinnovation, wäerten den Delegatiounen d'Strategien a verschidden Aktivitéiten vu Luxinnovatioun, der nationaler Agence fir déi wirtschaftlech Entwécklung vum Land, virstellen.

D'Direktesch vum Fonds Belval Daniela Di Santo wäert d'Geschicht vum Belval, seng industriell Vergaangenheet, d'Stolproduktioun vu fréier, awer och de neie Belval mat sengen Acteuren a Notzer vun den Infrastrukture virstellen. D'Presidentekoppel a S.K.A. de Groussherzog wäerten d'Geleeënheet hunn, d'Haus vum Buch (oder "Learning Centre") an der Möllerei ze besichen. De Learning Centre ass een Espace, dee nieft de klassesche Bibliothéik-Servicer, och eng héichmodern Plaz fir ze Léiere bitt. ​

De Premierminister a Staatsminister, Xavier Bettel, wäert uschléissend d'Éier hunn, am Numm vun der Regierung, de kapverdianesche President José Maria Neves a seng Fra d'Débora Katisa Carvalho zu engem Mëttegiessen an der Halle des poches à fonte ze begréissen. D'Diskussioune wäerten sech op déi bilateral Relatiounen op politeschem, ekonomeschen a kulturellem Niveau, souwéi op déi wichtegst Sujete vun der europäescher an internationaler Politik konzentréieren.

Am fréien Nomëtteg wäert de President vun der Republik Cabo Verde a Begleedung vu S.K.A. dem Groussherzog déi Lëtzebuerger Bourse besichen, wou de President Alain Kinsch, den Directeur commercial, Carlo Houblie, an d'Head of Sustainable Finance du Luxembourg Green Exchange, Laetitia Hamon, d'Aktivitéiten am Beräich vun de nohaltege Finanzen an d'Pläng fir eng Kooperatioun mat der Bourse vum Cabo Verde virstelle wäerten.

Déi zwee Staatscheffe wäerten uschléissend an der Chambre de commerce vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, dem Minister fir Energie Claude Turmes, dem President vun der Chambre de commerce, Fernand Ernster, an dem Generaldirekter vun der Chambre de commerce, Carlo Thelen, empfaange ginn. No de Riede vun de Ministere Franz Fayot a Claude Turmes wäerten de President José Maria Neves a S.K.A. de Groussherzog d'Geleeënheet hunn, am Kader vun enger Table-ronde mat Vetrieder vum House of Training, House of Cybersecurity an dem House of Startups deelzehuelen.

D'Débora Katisa Carvalho wäert hirersäits d'Fraenhaus vu Femmes en détresse besichen, wou si d'Institutioun virgestallt kritt a sech perséinlech mat de Bewunnerinnen austausche wäert. Doriwwer eraus wäert d'First Lady vum Cabo Verde verschidden ONGe gesinn.

Den zweeten Dag vun der Staatsvisitt gëtt mat engem Concert vum kapverdianesche Pianist Khali an uschléissend mat enger Receptioun vum President vun der Republik Cabo Verde a senger Fra zu Éieren vu H.K.A. dem Groussherzog an der Groussherzogin am Cercle Cité, a Presenz vu S.K.A. dem Ierfgroussherzog, ofgeschloss.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht