Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2025 - Virowend
Am Kader vun de Feierlechkeete fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2025 un de Festivitéiten deel, déi zu Monnerech, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn. D'Editioun 2025 huet dëst Joer eng besonnesch Bedeitung, well se am Kader vun de Festivitéite ronderëm de 25-järegen Trounjubiläum vum Grand-Duc stattfënnt.
22. Juni 2025
Relève vun der Garde virum Palais
D'Festlechkeete fir Nationalfeierdag fänke Sonndes den 22. Juni um 16 Auer un, mat der Relève vun der Garde virum Palais, wourunner en Éieren-Detachement vun der Arméi participéiert, an dat ënnert dem Kommando vum Lieutenant Joé Kayser.
Fir déi musikalesch Begleedung suergt d'Militärmusek, ënnert der Direktioun vun hirem Chef, dem Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun.
D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Monnerech
Dëst Joer besichen den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin d'Stad Monnerech am Kanton Esch-Uelzecht am Süde vum Land.
D'ierfgroussherzoglech Koppel gëtt um 17 Auer op der Duerfplaz vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem Vize-President vun der Chamber Mars Di Bartolomeo, dem Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max Hahn, dem Finanzminister Gilles Roth, der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet Martine Deprez, an dem Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass besteet. De Wilhelmus gëtt vun der Harmonie municipale vu Monnerech gespillt.
No der Presentatioun vun de Gemengenautoritéite leeën den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin e Blummekranz beim "Monument aux Morts" néier.
Am Zentrum "A Bosselesch", wou sech jonk an al Bewunner treffe kënne, besicht déi ierfgroussherzoglech Koppel d'Ausstellung "10 Joër A Bosselesch". D'Visitt vun der Ausstellung gëtt vum Lisa Bremer, der Cheffin vum Departement vun der Associatioun GIM ASBL (Gestionnaires d'infrastructures, de services sociaux et d'intégration) kommentéiert. No der Visitt fënnt en Austausch mat de Residentë statt.
Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin ginn dann an de Park Molter fir do un enger Zeremonie deelzehuelen. Um Programm stinn ënner anerem eng Ried vum Buergermeeschter Jeannot Fürpass, sou wéi eng musikalesch Virféierung vun de Schüler vun der Primärschoul vu Monnerech ënnert der Begleedung vun der Harmonie municipale Mondercange an den "Monnerecher Jongbléiser".
Duerno huet déi ierfgroussherzoglech Koppel op deene verschiddene Stänn en Austausch mat de Vertrieder vu lokalen Associatiounen. Méi spéit fänken den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin a Präsenz vun de lokale Guiden a Scouten d'Lagerfeier un.
De Programm geet mat engem Austausch mat de Bewunner vu Monnerech weider.
D'ierfgroussherzoglech Koppel zu Esch-Uelzecht
Um Virowend vun Nationalfeierdag, besichen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hirersäits d'Festlechkeeten zu Esch-Uelzecht, déi zweetgréisst Stad am Land.
Um 17 Auer gëtt déi groussherzoglech Koppel op der Place de la Résistance vun enger Delegatioun empfaangen, déi aus dem President vun der Chamber Claude Wiseler, dem Sportsminister an Aarbechtsminister Georges Mischo, dem Escher Buergermeeschter Christian Weis souwéi dem Schäffen- a Gemengerot besteet.
Nom dem offiziellen Empfang gëtt eng Gerbe beim "Monument aux Morts" néiergeluecht. Duerno ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse zesumme mat engem offizielle Cortège duerch d'Uelzechtstrooss. De Parcours ass a verschidde Statiounen ënnerdeelt, déi di wichtegst Momenter vun der Escher Geschicht an déi rezent Entwécklung vun der Stad retracéieren. No hirer Arrivée beim Hôtel de Ville, hëlt déi groussherzoglech Koppel Plaz op der Tribün fir um Defilé vun enge véierzeg Escher Veräiner deelzehuelen.
No enger Receptioun, déi vun der Stad Esch-Uelzecht organiséiert gëtt, begréisst déi groussherzoglech Koppel d'Vollek vum Balcon vum Hôtel de Ville aus. Dono hëlt déi groussherzoglech Koppel um Escher Volleksfest deel, wou d'Lagerfeier vun de Lëtzebuerger Scouten ugefaange gëtt.
Ried vum Premierminister
Um Virowend vun Nationalfeierdag, den 22. Juni, mécht de Premierminister Luc Frieden seng traditionell Usprooch.
Fakelzuch a Freedefeier an der Stad Lëtzebuerg
Owes huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, zesumme mam Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin un de Festivitéiten deel, déi vun der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn. Begleet gi si weider vu follgende Membere vun der groussherzoglecher Famille: de Prënz Félix, de Prënz Louis, de Prënz Gabriel, de Prënz Noah, d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory, de Prënz Sébastien, d'Archiduchesse Marie-Astrid an den Archiduc Christian d'Autriche, d'Prinzessin Margaretha an de Prënz Nikolaus de Liechtenstein, de Prënz Guillaume an d'Prinzessin Sibilla, d'Catalina Esteve, Schwëster vun der Grande-Duchesse, an d'Nicole Mestre, Schwéiesch vun der Grande-Duchesse.
Déi groussherzoglech Koppel, hir Kanner a weider Membere vun der groussherzoglecher Famill gi vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, an dem éischte Schäffen Maurice Bauer empfaangen. No der Presentatioun vum Schäffen- a Gemengerot hëlt d'groussherzoglech Famill op der offizieller Tribün Plaz, déi virun der Gemeng op der Place Guillaume II installéiert ginn ass, fir de Concert vun der Militärmusek an den traditionelle Fakelzuch ze suivéieren.
De Cortège vun den Associatiounen deen um Fakelzuch deelhëlt ëmfaasst zirka 2 500 Persounen a besteet aus Pompjeeën, verschidde lokalen Associatiounen a Veräiner aus dem Beräich vum Sport an der Musek vun der Stad Lëtzebuerg, Guiden a Scouten, a verschidde Museks-, Gesang- a Folklorveräiner.
Fir den Ofschloss vum offizielle Programm vun de Feierlechkeete vum 22. Juni gëtt et e Freedefeier, dat vum Pont Adolphe ofgeschoss gëtt, 17 Minutten dauert, a vun enger musikalescher Kompositioun vum Maxime Bender begleet gëtt.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung