Offiziell Visitt vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus zu Lëtzebuerg

Op Invitatioun vum Grand-Duc, kënnt seng Hellegkeet de Poopst Franziskus de 26. September 2024 fir eng offiziell Visitt op Lëtzebuerg. Um Programm vun der Visitt steet Follgendes:

 

10h00

Arrivée vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus um Lëtzebuerger Flughafen

Empfang duerch de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, a Begleedung vum Här Premierminister

11h00

Entrevue vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse mat Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus am groussherzogleche Palais

Audienz vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus mam Här Premierminister

12h00

Treffe vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus mat Vertrieder vun den nationalen Autoritéiten a vun der Zivilgesellschaft am Cercle Cité

12h45 – 13h15

Tour vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus mam Papamobil duerch den Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg

16h30

Treffe mat der kathoulescher Communautéit an der Stater Kathedral

18h15

Depart vu Senger Hellegkeet dem Poopst Franziskus vum Lëtzebuerger Flughafen

Aktualiséiert