Luxembourg.lu – den Internetportal vu Lëtzebuerg iwwerhëlt déi gemeinsam Signatur vum Land

De 5. Dezember goufen de Luxembourg.lu, offiziellen Internetportal vu Lëtzebuerg, an den Inspiringluxembourg zesummegeluecht. Gläichzäiteg huet de Luxembourg.lu déi gemeinsam Signatur vum Land iwwerholl a profitéiert vun neie Funktionalitéiten.

E komplett neie Look

Déi fonkelnei Editioun vum Site gouf visuell komplett iwwerschafft an iwwerhëlt den Design an déi verschidden Elementer vun der Mark "LuXembourg – Let's make it happen". Fir d'Promotioun vum Land z'optimiséieren ass de Site Inspiringluxembourg.lu, mat senger Toolbox, déi sech un all déi riicht, déi Lëtzebuerg promovéiere wëllen, elo en integrale Bestanddeel vum neie Site Luxembourg.lu.

Dës Fusioun erlaabt et den Internetbenotzer all d'Promotiounsmaterial an déi néideg Informatiounen ënnert enger eenzeger Adress ze fannen.

En ëmstrukturéierte Contenu

Getrei senger Missioun, fir Lëtzebuerg an all senge Facetten duerzestellen, huet de Site eng iwwersiichtlech Struktur bäibehalen, déi et erlaabt fir d'Liewen hei zu Lëtzebuerg op eng einfach Manéier kennen ze léieren. Déi fënnef Rubrike vum Site schafen en Ëmfeld, dat den Notzer dozou aluet fir duerch de Site ze bliederen an de Contenu ze entdecken.

De neie Site presentéiert regelméisseg Themen zu verschiddene Sujeten aus ënnerschiddleche Beräicher. Déi Theme ginn zesumme mat externe Partner ausgeschafft an erlaben et Luxembourg.lu fir grouss national an international Evenementer, d'Aktualitéit oder Beräicher an deene Lëtzebuerg sech besonnesch ervirhieft ze couvréieren.

Eng Invitatioun fir ze entdecken

Entdeckt Lëtzebuerg unhand vu klenge Quizzen oder Ëmfroen, interessanten an deelweis iwwerraschenden Informatiounen a Form vu Quick Facts oder typesch Lëtzebuerger Ausdréck a Wierder. Dës spilleresch Approche gouf gewielt fir den Internetbenotzer ze incitéiere fir duerch de Site ze surfen an dobäi Inhalter ze fannen, déi en interesséiere kéinten.

En accessibele Site

Déi verschidde Komponente vum Site goufen évaluéiert fir sécher ze goen, datt Persoune mat spezifesch Besoinen och op de Contenu kënnen zeréckgräifen.

Weider Informatiounen zum Site

Luxembourg.lu ass den offiziellen Internetportal vu Lëtzebuerg Seng Missioune bestinn doran, fir Lëtzebuerg am Ausland ze promovéieren, iwwert déi verschidden Aspekter vum Land ze informéieren an d'Internetbenotzer un déi verschidde Partner weider ze leeden.

Den Editeur vum Site ass den Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (Service information et presse du gouvernement, SIP). D'Toolbox gëtt vun der Équipe fir d'Promotioun vun der Image de marque am Aussen- an Europaministère geréiert.

De neie Site gouf an enker Zesummenaarbecht mam Zenter fir Informatiounstechnologien (CTIE) erstallt, deen och fir den Hosting zoustänneg ass.

Am Moment besichen all Joer ronn 2.000.000 Visiteuren op d’mannst eemol de Site. Knapp een Drëttel dovu kommen aus Lëtzebuerg, uschléissend aus Frankräich, Däitschland, den USA an der Belsch.

Luxembourg.lu ass säit 2009 online. De Site ass op de Sprooche Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht / Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert