Den Inneministère an de Syvicol organiséieren d'Verdeelung vun de Masken un d'Populatioun

Dëse Mëttwoch, 15 Abrëll, huet een Austausch tëschent dem Inneministère an dem Syvicol (Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen) stattfonnt, fir d'Organisatioun vun der Verdeelung vu chirurgesche Masken un d'Populatioun, d'Gemengeservicer an änlechen Institutiounen festzeleeën. 

De CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) ass zoustänneg fir d'Zoustellung vun de Masken un de Gemengesecteur, wougéint d'Verdeelung un d'Populatioun, déi ab nächster Woch stattfanne wäert, vun den 102 Gemengen duerchgefouert wäert ginn.  

D'Bierger wäerte vun hirer jeeweileger Gemeng iwwert d'Aart a Weis an den Zäitpunkt vun der Verdeelung informéiert ginn.

D'Inneministesch Taina Bofferding begréisst de konstruktiven Usaz vum Syvicol an de Gemengen, d'Beméiunge vun der Regierung z'ënnerstëtzen.

De President vum Syivcol Emile Eicher huet sech zefridden iwwert dës Virgoensweis gewisen, déi vollkommen am Aklang mam Usaz vum Syvicol steet, deen der Meenung ass, datt d'Verantwortung fir d'Bereetstelle vu Schutzausrüstung fir d'Bevëlkerung an dëser éischter Phase bei der Regierung läit. ​

 

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert