Digital IKI: Onst immateriellt Kulturierwen digital - Digital Sprangprëssessioun

Keng vun de véier Traditiounen, déi als alleréischt op de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg opgeholl goufen, kann dëst Joer wéi gewinnt stattfannen. An enger Zäit, wou d'Mënsche veronséchert a bedréckt sinn, ass et awer ëmsou méi wichteg, festlech Gebräicher um Liewen ze erhalen. De Kulturministère an d'Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun hunn dofir decidéiert, dës Traditioune mat de Mëttele vun der Digitalisatioun virzestellen. No der digitaler Éimaischen an der digitaler Muttergottesoktav ginn et vum 29. Mee 2020 un digital Ablécker an d'Traditioun vun der Iechternacher Sprangprëssessioun. Partner vun dësem Projet sinn de Willibrordus-Bauveräin, den Äerzbistum, d'Stad Iechternach, de CNA an RTL Zwee.

Foto – a Video-Reportagen, online Erliefnistouren, an interessant – a vläicht iwwerraschend – Informatiounen iwwert d'Iechternacher Sprangprëssessioun gëtt et vum 29. Mee 2020 un op der Websäit vum immaterielle Kulturierwe Lëtzebuerg www.iki.lu an op de Social-Media-Kanäl vun der UNESCO-Kommissioun. Fir ze weisen, wéi lieweg onst immateriellt Kulturierwen ass, sinn dës Initiativen och interaktiv. Privatfotoen oder Erënnerungen kënnen iwwer d'Hashtags #DigitalIKI an #DigitalSprangprëssessioun eropgeluede ginn.

D'UNESCO huet de 16. November 2010 d'Iechternacher Sprangprëssessioun op d'Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwen vun der Mënschheet opgeholl. Dat mat der Begrënnung, datt déif an der Iechternacher Gemeinschaft verwuerzelt, d'Sprangprëssessioun vu Generatioun zu Generatioun weidergedroe gëtt an esou de Leit e Gefill vun Identitéit an Kontinuitéit vermëttelt. Doduercher dréit d'Sprangprëssessioun derzou bäi, zu Lëtzebuerg an an der ganzer Welt d'Wertschätzung vum immaterielle Kulturierwen an de Respekt virun der mënschlecher Kreativitéit ze stäerken.

Konventioun fir d'Erhale vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt

2003 huet d'UNESCO eng wichteg Konventioun fir d'Erhale vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. Doropshin huet de Lëtzebuerger Kulturministère e nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe geschaf, dee stänneg erweidert gëtt an op deem mëttlerweil Elementer aus alle Kategorien drop sinn:

  • Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen, dorënner och d'Sprooch als Mëttel, fir dat immateriellt Kulturierwe weiderzevermëttelen;
  • Kënschtleresch Ausdrocksformen, déi viru Publikum opgeféiert ginn;
  • Gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Festlechkeeten;
  • Wëssensschätz a Gebräicher, déi d'Natur an den Universum betreffen;
  • Fäerdegkeete vum traditionellen Handwierk.

Als alleréischt goufen 2008 op den nationalen Inventar opgeholl: d'Émaischen, d'Muttergottes-Oktave, d'Iechternacher Sprangprëssessioun an d'Schueberfouer mat hirem Hämmelsmarsch.

 

Communiqué vum Kulturministère, Immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg (iki) an der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun

Aktualiséiert