Weider Adaptatioune vun de Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie

Opgrond vun der Hausse vun den Zuele vun de mam Coronavirus infizéierte Persounen, mat där eist Land konfrontéiert ass, huet de Regierungsrot den 19. Juli 2020 e Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie ugeholl. 

Am Allgemengen ass d'Situatioun sécherlech alarmant, awer net vergläichbar mat der Situatioun, mat där d'Land Mëtt Mäerz an der akuter Phase vun der Pandemie konfrontéiert war. Trotzdeem ass et wichteg, d'Zuel vun den Infizéierten ze reduzéieren, fir d'Kontroll iwwert d'Situatioun ze behalen.

An deem Sënn goufe folgend Ännerunge virgeholl:

  • Aschränkung vun der Unzuel u Gäscht doheem op 10 Persounen;
  • Upassung vun der Unzuel u Persounen op 10, ab där d'Versammlungen de Bedéngunge vun de Sëtzplazen an engem Mindestofstand vun zwee Meter ënnerleien, aneschters ass d'Droe vun enger Mask obligatoresch;
  • Strofe fir d'Net-Anhale vun Isolatiouns- oder Quarantänemoossnamen an Héicht vu 25 bis 500 EUR;
  • Bei widderhueltem Net-Anhale vun de Preventivmoossnamen duerch Geschäftsleit, Handwierker, Geranten oder aner responsabel Persoune vun Horeca-Aktivitéiten ass eng Spär vun de Geschäftsaktivitéite fir een Zäitraum vun dräi Méint virgesinn.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert