"Covidtest Reesen": Nei Prozedur fir Residenten, déi an d'Ausland reese mussen

Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéieren verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg kommen, zu 14 Deeg Quarantänn oder e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wann si an dat Land areesen.

An dësem Kader bitt de Staat, an de Limitte vun engem Kontingent deen d'Kapazitéite vun der Teststrategie net iwwerstrapazéiert, wärend der Vakanzeperiod e gratis COVID-Test pro Persoun virun enger Rees oder engem Openthalt am Ausland un.

An dësem Sënn wäert eng nei Prozedur ageleet gi fir de Lëtzebuerger Awunner déi néideg Demarchë fir e COVID-Test virun hirer Rees ze vereinfachen.

Dofir sinn d'Awunner, vum 31. Juli un, gebieden hir Demande fir en diagnostesche COVID-19-Test ausschliisslech online op www.covid19.lu ze maachen. Dës Plattform wäert et erméiglechen de Virgang ze beschleunegen, andeems den Awunner direkt op de Formulaire geleet gëtt, mat deem dësen e Rendezvous an engem vun den Testzenteren am Land kann huelen.

An enger éischter Phas wäert de System nëmme Rendezvouse fir Reesen am August erméiglechen. Dës Weidere wäert nëmmen een Test pro Matricule accordéiert ginn. D'Informatiounen zu den Demarchen an de Konditioune fënnt een op www.covid19.lu. All d'Demanden, déi bis elo validéiert goufen an een Depart tëschent dem 3. August an dem 14. September virgesinn, bleiwe weiderhi valabel.

Fir professionell Deplacementer kënnen d'Entreprisë gratis Tester fir hir Mataarbechter, déi geschäftlech an e Land reesen dat d'Virweise vun engem negative COVID-19-Test verlaangt, iwwert folgend E-Mail-Adress ufroen: covid19@houseofentrepreneurship.lu.

Dobäi sief nach eng Kéier dorun erënnert, datt an deene meeschten europäesche Länner d'Virweise vun engem negativen Test net verlaangt gëtt.

Opgrond vun der Situatioun, déi sech stänneg entwéckelt, sinn d'Bierger gebieden sech iwwer d'Mise-à-joure reegelméisseg z'informéieren, déi en Place sinn an deene Länner an déi si plangen anzereesen. Déi Leit déi reesen si responsabel fir sech bei de kompetente lokalen Autoritéiten (Internetsitte vun den Ambassaden vun de concernéierte Länner) an hirer Ënnerbréngungsstruktur iwwer d'Modalitéiten z'informéieren, déi dee Moment vun hirer Rees gëllen.

 

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert