De Romain Schneider huet um ausseruerdentleche Conseil vun den EU-Gesondheetsministeren zum AstraZeneca Impfstoff deelgeholl

No der Analys vun der europäescher Medikamentenagence (EMA) zum COVID-19-Impfstoff Vaxzevria (virdrun AstraZeneca), sinn d'Gesondheetsministere vun der EU dëse Mëttwoch, 7. Abrëll, per Videokonferenz beieneekomm, fir iwwert eng gemeinsam Strategie zum zukünftegen Asaz vum Vaxzevria Impfstoff ze beroden. De Minister Romain Schneider huet bei dëser Geleeënheet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert vertrueden.

De Romain Schneider huet ervirgestrach, wéi wichteg et wier, dass d'EU-Memberstaaten déi néideg Mëttel hätte fir fondéiert Decisiounen doriwwer ze huelen, wéi d'Impfstrategie am beschtméiglechen Interessi vun der ëffentlecher Gesondheet vun de Bierger agesat kéint ginn. "Eist Zil bleift et weiderhi sou schnell wéi méiglech e Maximum u Persounen z'impfen, an dëst op Basis vun zolitte wëssenschaftlechen Erkenntnisser wat d'Effikassitéit an d'Sécherheet vun de verfügbaren Impfstoffer betrëfft." sou de Romain Schneider

Obschonn d'EMA e méiglechen Zesummenhang tëschentt ganz rare Fäll vun ongewéinleche Bluttgerinnselen an dem AstraZeneca Impfstoff festgestallt huet, constatéiert si och dass "de Notze vum AstraZeneca Impfstoff, als Schutzmoossnam géint eng COVID-19-Infektioun, bei Wäitem d'Risiken iwwerweit, an dass d'Bierger weiderhi mat dësem Impfstoff sollte geimpft ginn, wa si dozou opgeruff ginn." D'Analys vun der EMA, déi op Donnéeë vu geimpfte Persounen tëscht 18 a 79 Joer baséiert, huet keng Ënnerscheeder tëscht Männer a Frae gewisen. Ausserdeem konnten op Basis vun den aktuellen Erkenntnisser keng spezifesch Risikofacteuren identifizéiert ginn.

Op Basis vun dëser wëssenschaftlecher Evaluatioun vun der EMA, huet Lëtzebuerg sech fir e weideren Asaz vum AstraZeneca Impfstoff entscheet, onofhängeg vun Alter a Geschlecht.

A sengem Communiqué erënnert d'EMA dat medezinescht Personal an d'Impfpatienten nach eemol dorun, d'Méiglechkeet vu ganz seelene Bluttgerinnselen ze consideréieren, déi an deenen 2 Wochen no der Impfung optriede kënnen.

D'Patiente solle sech beim Optriede vu folgende Symptomer direkt un en Dokter wenden:

  • Schnappootmung
  • Péng am Broschtberäich
  • geschwolle Been
  • bleiwend Péng am Bauchberäich (Abdomen)
  • neurologesch Symptomer, wéi staark a permanent Kappwéi oder eng verschwomme Siicht
  • kleng Bluttflecken ënnert der Haut ausserhalb vum Injektiounspunkt

Vaxzevria ass ee vun de véier COVID-19-Impfstoffer déi an der EU zougelooss sinn. Studie beweisen d'Effikassitéit vun dësem Impfstoff géint d'Krankheet. Och de Risiko vun Hospitalisatiounen a Stierffäll am Zesummenhang mam COVID-19 gëtt doduerch reduzéiert.

D'EMA engagéiert sech fir hir detailléiert Analys an deenen nächste Méint weiderzeféieren, d'Sécherheet an d'Effikassitéit vum Impfstoff weiderhin z'iwwerwaachen an d'Ëffentlechkeet reegelméisseg iwwert déi neisten Erkenntnisser z'informéieren.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert