IMPF'O'DAY - "Lët'z talk about vaccination": Konferenz-Debat iwwert d'Impfung géint COVID-19 am Athénée

Am Kader vun der Impfwoch organiséiert de Gesondheetsministère de Samschdeg 11. Dezember am Athénée den IMPF'O'DAY.

IMPF'O'Day sinn 2 Konferenz-Debaten, op der Plaz an online, mat verschiddenen Experten aus der Santé, déi iwwert d'Impfung géint de COVID-19 debattéieren an op d'Froe vun der Ëffentlechkeet äntwerten.

D'Participatioun un de Konferenz-Debaten ass gratis.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert mécht d'Erëffnung vun deenen zwou Konferenzen.

Moies: Konferenz-Debat fir de Gesondheetssecteur

D'Konferenz ass vun 10 bis 12 Auer an adresséiert sech u Persounen déi am Beräich Santé schaffen. Et huele folgend Experten deel: Dr. Isabel De La Fuente Garcia, Dr. Thomas Dentzer, Christophe Dohm (Infirmier), Dr. Claude Muller, Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Gérard Schockmel.

D'Participatioun un dëser Konferenz (op der Plaz oder online) leeft iwwert Invitatioun.

Nomëttes: Konferenz-Debat fir d'breet Ëffentlechkeet

D'Konferenz ass vun 13 bis 14:30 Auer a riicht sech un déi breet Ëffentlechkeet. D'Experte sinn: Dr. Charles Benoy, Dr. Isabel De La Fuente Garcia, Dr. Thomas Dentzer, Dr. Claude Muller, Dr. Jean-Claude Schmit, Dr. Gérard Schockmel an Annick Schons (Infirmière).

D'Introduktioun ass op Lëtzebuergesch, mee d'Experten äntwerten der Ëffentlechkeet op 5 Sproochen (Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch).

Participatioun

  • Fir un der Konferenz op der Plaz deelzehuelen, geet et duer sech online viru Freides 10. Dezember um 18 Auer iwwert folgende Link anzeschreiwen: http://signin.lu/impfoday-dir-frot-mir-antweren.
  • Dir kënnt den Event awer och iwwer Livestream um Youtube kucken an do Är Froe stellen: https://www.youtube.com/watch?v=SY7pKjUhd_4.
  • D'Konferenzen op der Plaz wäerten ënnert dem CovidCheck-System (3G) ofgehale ginn.

Informatiounsstänn

Vun 13 bis 17 Auer sinn Informatiounsstänn an der Entrée vum Athenée opgeriicht. Hei äntwerten Experten op all Froen zum Thema Coronavirus. D'Stänn kënnen ouni CovidCheck besicht ginn, mee déi sanitär Reegele musse respektéiert ginn (Maskeflicht a physesch Distanz vu mindestens 2 Meter).

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert