COVID-19: Upassung vum Contact Tracing fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren

Am Hibléck op d'Hausse vun der Zuel un Neiinfektioune mam COVID-19, huet d'Contact-Tracing-Ekipp vun der Gesondheetsinspektioun hir Ofleef ugepasst, fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren. Dës Upassunge si schonn operationell.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt direkt an d'Eegen-Isolatioun!

Gitt op alle Fall an Eegen-Isolatioun. Warnt déi Persounen, mat deenen Dir déi 2 lescht Deeg enke Kontakt hat a preparéiert eng Lëscht mat hiren Nimm, Telefonsnummeren an E-Mail Adressen.

Duerch en Antigène-Selbsttest (Schnelltest):

  • Mellt Äert Resultat op covidtracing.public.lu.
  • Dir musst direkt e PCR-Test maachen, fir dat positiivt Resultat ze bestätegen. D'Ordonnance fir de PCR-Test kritt Dir an de Stonnen no Ärer Deklaratioun iwwer E-Mail geschéckt.
  • Wann Äert Resultat duerch de PCR-Test bestätegt gëtt, kënnt Dir Är Deklaratioun selwer um Site maachen. Wann Iech dat léiwer ass, kënnt Dir awer och op den Uruff vum Contact Tracing waarden.

Wann Dir keng Méiglechkeet hutt, Är Deklaratioun selwer ze maachen (Antigène-Selbsttest), musst Dir e PCR-Test oder e certifiéierte Schnelltest maache loossen, oder sou schnell wéi méiglech Ären Dokter kontaktéieren.

Duerch e PCR-Test/certifiéierte Schnelltest:

  • Soubal Dir vum Contact Tracing Är Referenznummer iwwer SMS kritt hutt, mellt Äert Resultat iwwert de Link an der SMS (https://covidtracing.public.lu/).
  • Deklaréiert all Är enk Kontakter mat hirer Telefonsnummer, E-Mail- oder Post-Adress, Äre leschten Dag op der Aarbecht, an der Schoul oder aneres, esou wéi den Datum, wou Är Symptomer ugefaangen hunn. (Sidd prezis a komplett an Ären Informatiounen, soss kann Är Deklaratioun net validéiert ginn an dir musst op den Uruff vum Contact Tracing waarden.)
  • Soubal de Contact Tracing Är Deklaratioun validéiert huet (bannent 24 bis 48 Stonnen), kritt Dir Är Ordonnance fir d'Isolatioun per E-Mail geschéckt. (Iwwerpréift reegelméisseg Äre Spam-Dossier.)

Wann Dir keng Méiglechkeet hutt, Är Deklaratioun selwer ze maachen, gitt dir normalerweis bannent 48 Stonnen no Ärem positive Resultat vum Contact Tracing kontaktéiert. Wann Dir kee Computer hutt, waart wgl. op den Uruff.

Wann Dir e Risikokontakt mat enger noweislech infizéierter Persoun hat

Hiweis: Wann Dir Iech als Kontaktpersoun deklaréiert hutt, oder wann eng Persoun Iech als Kontaktpersoun uginn hutt, gitt Dir normalerweis net méi iwwert Telefon vun der Ekipp vum Contact Tracing kontaktéiert.

  • Wann Är E-Mail-Adress uginn ass, kritt Dir egal wéi eng Ordonnance fir e PCR-Test per E-Mail geschéckt. Dëse muss 6 Deeg nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun duerchgefouert ginn.
  • Wann Dir net geimpft oder geheelt sidd, kritt Dir zousätzlech eng Ordonnance fir d'Quarantän. D'Quarantän kann de 7. Dag ofgeschloss ginn, virausgesat dass Dir um 6. Dag nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun e PCR-Test maacht, deen negativ ass. Wärend de 7 Deeg no der Quarantän mussen dës Persounen eng Eegen-Iwwerwaachung maachen an eng Mask droen, wa se a Kontakt si mat anere Persounen.
  • Am Fall wou Dir wärend Ärer Quarantän oder no engem negativen Test Symptomer entwéckelt, musst Dir direkt an Eegen-Isolatioun goen an e weideren Test maachen.
  • Reduzéiert weider Är sozial Kontakter, respektéiert d'Geste-barrièren an, wa méiglech, schafft vun doheem aus bis Äre PCR-Test negativ ass.
  • Bei engem positive Resultat, befollegt wgl. déi viregt beschriwwe Prozedur.

Dir fannt weider Informatiounen op www.covid19.lu, wéi och e Guide, wéi Dir Är Eegen-Isolatioun oder Eege-Quarantän am beschten organiséiert.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert