Upassung vum Gemengegesetz: D'Taina Bofferding freet sech, dass de Regierungsrot gréng Luucht ginn huet fir de Volet iwwert d'"Rechter a Flichte vun de Gemengepolitiker", deen als Haaptzil d'Promotioun vun der Lokalpolitik huet

Am Kader vun der Upassung vum Gemengegesetz, huet de Regierungsrot haut den Entworf vum Gesetzesprojet gestëmmt iwwert d'Rechter an d'Flichte vun de Gemengepolitiker a -politikerinnen. Dës Texter gesinn d'Aféierung vu beruffseethesche Grondsätz, d'Upassung vun den Incompatibilitéite mam Mandat vum Member am Gemengerot, d'Upassung an d'Erhéijung vum politesche Congé an eng Verbesserung vum Rechtsschutz fir Mandataire duerch d'Ofschafe vun der strofrechtlecher Immunitéit vun de Gemenge vir.

Et sief an dësem Kontext dorun erënnert, dass d'Regierung sech am Dezember 2018 an duerch d'Koalitiounsverträg engagéiert huet, "eng allgemeng Erneierung vum Gemengegesetz, déi un déi aktuellen Zäiten ugepasst ass" anzeleeden. D'Propositioune vun dësem Gesetzesprojet sinn d'Resultat vun enger Rei vu Consultatiounen, respektiv Co-Konstruktiounen, déi am Kader vum participative Prozess "mateneen fir eng modern Gemeng" stattfonnt hunn.

D'Taina Bofferding freet sech: "Ee Joer virun de Gemengewalen, hunn ech eis Propositioune virgestallt fir de Mandat vun de Lokalpolitiker besser z'encadréieren an e méi attraktiv ze gestalten, an dobäi déi nei Erausfuerderunge vun dëser nobeler Tâche am Déngscht vun eise Biergerinnen a Bierger ze consideréieren."

Am Zesummenhang mat de beruffseethesche Prinzippien, wäerte präzis Reegelen opgestallt ginn, déi fir d'Membere vum Gemengerot beim Ausübe vun hire Mandater gëllen. Ee vun den Haaptziler ass eng Verbesserung vun der Transparenz. An enker Zesummenaarbecht mam Syvicol, deen esou eng Kloerstellung gefrot huet, féiert den entspriechende Gesetzesprojet Verhalensnormen an, déi d'Gemengeconseillere wärend hirer Mandater suivéiere mussen an déi d'Biergerinnen a Bierger sech vun hirer Vertrieder och erwaarden dierfen.

Wat d'Upassung vun den Incompatibilitéite mam Mandat vun de Memberen am Gemengerot betrëfft, goufen Ännerungen a Prezisiounen opgestallt fir dës Fäll kloerzestellen.

Doriwwer eraus gëtt de politesche Congé vun de Buergermeeschteren, Schäffen, Memberen am Gemengerot a Vertrieder vun den interkommunalen Syndikater ugepasst, fir d'Disponibilitéit vun de Lokalpolitiker a -politikerinnen ze erhéijen, soudass si am Interessi vun hirer Gemeng méi Zäit an hir Mandater investéiere kënnen. Déi individuell Stonnen, op déi d'Membere vum Gemengerot Urecht hunn, sou wéi de Stonnekontingent pro Gemengerot ginn och erhéicht. Ausserdeem gëtt de politesche Congé ëmbenannt an an Zukunft als "Decharge fir politesch Aktivitéiten" bezeechent.

Schlussendlech gëtt déi strofrechtlech Immunitéit vun de Gemengen ofgeschaaft, fir d'Membere vun de gesetzlechen Organer vun de Gemengen an assimiléiert Entitéiten ze schützen, déi fir Handlungen, déi si beim Ausübe vun hiren ëffentleche Mandater begaangen hunn, strofrechtlech zur Verantwortung gezu ginn. Opgrond vu Geriichtsaffäre bei deenen déi strofrechtlech Verantwortung vu Membere vum Buergermeeschter- a Schäfferot a Fro gestallt goufen, ass et dréngend noutwendeg ginn eng Sonderreegelung anzeféieren, déi déi strofrechtlech Verantwortung vun de Gemengepolitiker festleet, ouni hinnen allerdéngs eng strofrechtlech Immunitéit ze garantéieren. D'Zil heivun ass et de lokale politesche Mandat an d'Demokratie op Gemengenniveau ze fërderen.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert