Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 17. bis 23. Abrëll 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech ee vereinfachten Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

D'Verëffentlechung vum Wocheréckbléck iwwer d'Infektioune vun den Otemweeër gëtt ab haut bis op Weideres gestoppt. Jee nodeem sech d'Situatioun entwéckelt, gëtt d'Publikatioun vum Communiqué no Besoin nees lancéiert.

COVID-19

An der Woch vum 17. bis de 23. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 220 erop, par Rapport zu 217 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 1,3% ausmécht. Vun all de positiv geteste Persounen, si 46,8% Re-Infektiounen, géintiwwer 46,1% an der Woch virdrun.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 17. bis 23. Abrëll 2023 geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 101 op 62 erof, wat e Réckgang vu 38,6% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

Aktualiséiert