Aktualiséiert den
Preventioun vu sexuell iwwerdrobaren Infektiounen: "Protection is good for us!"
All Joer virum Summer start de Gesondheetsministère eng Kommunikatiounscampagne, fir d'Bevëlkerung, a besonnesch Jonker a jonk Erwuessener, drop opmierksam ze maachen, wéi wichteg et ass sech viru sexuell iwwerdrobaren Infektiounen (STI) ze schützen.
"Onst Zil ass et iwwer d'Risike vun ongeschütztem Geschlechtsverkéier z'informéieren an déi Jonk dozou ze motivéieren e verantwortungsvollt sexuellt Verhalen ze hunn. Dozou gehéiert virun allem d'Benotze vu Kondomer a reegelméisseg Tester fir Persounen, déi sexuell aktiv sinn", esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Weltwäit stellen d'sexuell iwwerdrobaren Infektiounen (IST) e grousse Probleem fir d'ëffentlech Gesondheet duer. Laut den Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS) stiechen sech all Dag ronn 1 Millioun Leit op der Welt mat enger Geschlechtskrankheet un. D'Preventioun vun dësen Infektiounen ass deemno eng Prioritéit fir d'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun der Bevëlkerung. Zu Lëtzebuerg ass d'Zuel vun de gemellten IST (Chlamydien, Gonorrhoe a Syphilis) vun 1.755 Fäll 2021 op 2.171 Fäll 2022 eropgaange wat enger Hausse vun 23,7% entsprécht. Dëst ass virun allem op eng Hausse vun de Fäll vu Chlamydien zeréckzeféieren.
Einfach Moossname fir sech ze schützen an eng Iwwerdroung ze verhënneren
Well déi meeschten IST keng oder wéineg Symptomer verursaachen, kann eng infizéiert Persoun ustiechend sinn ouni et ze wëssen. Geschlechtskrankheete kënne schlëmm Konsequenze fir d'Gesondheet hunn (AIDS no enger Infektioun mam HIV, Kriibs no enger Infektioun mam humane Papillomavirus (HPV), Onfruchtbarkeet no Infektioune mat Chlamydien), wann se net verhënnert ginn a wann néideg, mat Zäit erkannt a behandelt ginn.
Et ginn einfach Méiglechkeete fir sech ze schützen an et folgend Moossname gi recommandéiert fir eng Iwwerdroung vu Geschlechtskrankheeten ze verhënneren:
- sech géint den HPV an Hepatite A a B impfe loossen.
- ëmmer e Kondom beim Geschlechtsverkéier benotzen, wann een net weess op de Partner infizéiert ass oder net.
- sech reegelméisseg op Geschlechtskrankheeten an HIV teste loosse wann ee verschidde Partner huet.
- sech op Geschlechtskrankheeten an HIV teste loosse wann een de Kondom bei engem feste Partner ewechloosse wëll.
- Medikamenter, déi ee vu sengem Dokter verschriwwe krut, reegelméisseg a bis zum Schluss vum Traitement huelen.
- Säin oder seng Partner informéiere fir datt si sech, wann néideg, och teste loossen.
- seng Sprëtzen a säi Material fir ze Sniffen net deelen.
Ab dem Teenageralter gi Jonker encouragéiert reegelméisseg Gesondheetspersonal ze consultéiere fir sech iwwer d'Preventioun vun den IST beroden ze loossen, a wann néideg sech testen ze loossen. D'Ekippe vun der "Médecine scolaire" kënnen och an aller Diskretioun op Froen äntweren.
D'Sensibiliséierungscampagne vum Gesondheetsministère
De Gesondheetsministère huet dëst d'Joer eng Campagne mam Motto "Protection is good for us" lancéiert, fir dorop hinzeweise wéi wichteg et ass sech viru sexuell iwwerdrobaren Infektiounen ze schützen. Dofir gi vum 8. Mee un Messagen op de sozialen Netzwierker publizéiert. Donieft gi vu Mee bis Juli Aktiounen um Terrain organiséiert, fir op d'Wichtegkeet vun Tester an d'Benotze vu Kondomer hiweise sollen:
- Freideg, 12. Mee vu 14:00 bis 18:00 Auer um Hamilius - Lëtzebuerg
- Samschdeg, 13. Mee vu 17:00 bis 20:00 Auer um Culture Forest Festival - Esch-Uelzecht
- Dënschdeg, 16. Mee vu 14:00 bis 18:00 Auer um Hamilius - Lëtzebuerg (den DIMPS, de Berodungs- an Test-Déngscht fir HIV vum Lëtzebuerger Roude Kräiz ass och present)
- Samschdeg, 24. Juni vu 15:00 bis 19:00 Auer um Sirens Call Festival - Neumünster
- Samschdeg, 08. Juli vu 16:00 bis 19:00 Auer um Pride Street Fest - Esch-Uelzecht
- Sonndeg, 9. Juli vu 14:00 bis 17:00 Auer um Pride Street Fest - Esch-Uelzecht
Bei Onkloerheeten oder Froe kënnt Dir Iech un Ären Hausdokter wenden.
Weider Informatiounen iwwer d'IST, d'Risiken a Preventiousméiglechkeete fannt Dir och ënnert der Rubrik "sexuell iwwerdrobar Krankheeten" op www.sante.lu an www.safersex.lu.
Communiqué vum Gesondheetsministère