"matenee fir eng modern Gemeng": D'Biergerbedeelegung an der kommunaler Praxis verankeren

D'Inneministesch, Taina Bofferding, huet haut den drëtte Pilier vun der Modernisatioun vum Gemengegesetz virgestallt, deen dora besteet, fir an deem Gesetz verschidden Outile vun der Biergerbedeelegung ze verankeren, d'Zréckgräifen dorop ze fërderen an hire Regime op kommunalem Plang ze harmoniséieren.

©MINT Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur
Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur

Well an der Vergaangenheet vu verschiddene Gemengen op ënnerschiddlech Aart a Weis participativ Instrumenter ëmgesat goufen, huet dëse Gesetzprojet zum Zil, engersäits, fir déi verschidden Instrumenter vu Biergerbedeelegung ze fërderen, soudass d'BiergerInnen drop zréckgräife kënnen, andeems si vun engem transparenten an harmoniséierte juristesche Kader profitéiere kënnen, an, anerersäits, fir d'Gemengegewielten drop ze sensibiliséieren, dass si sech bei hire politeschen Décisioune vun de BiergerInnen orientéiere loossen. Effektiv weisen d'BiergerInnen ëmmer méi Verbonnenheet mam lokale Liewen a wëlle sech do méi aktiv abréngen, ob dat iwwert de Wee vun der Lokalpolitik ass, vun Associatiounen oder duerch thematesch a punktuell Biergerbedeelegungsinitiativen.

De Gesetzprojet wëll där Entwécklung entspriechen a bitt de BiergerInnen eng Palette un Outilen, fir de Gemengen z'erlaben, besser ze regéieren, iwwert de Wee vun enger demokratescher Praxis, déi méi no beim Bierger ass.

"Verschidde Gemenge waren der Gesetzgebung viraus an hu Projete vun engem bestëmmten Ausmooss op d'Bee gestallt, andeems si op d'Biergerbedeelegung vun hiren Awunner gezielt hunn. Et hunn awer och vill Gemengen, well et kee gesetzleche Kader gouf, net drop zréckgegraff, trotz den Avantagen, déi se bitt, fir d'lokal Demokratie besser ze definéieren. Dëse Projet wëll dozou bäidroen, dass d'BiergerInnen, Auteure vum generellen Intressi, hiert Wuert ze soe kréien an, zesumme mat de Gemengen, un der Zukunft schaffen!", freet sech d'Taina Bofferding.

Sou kréien d'BiergerInne méi eng aktiv Roll am kommunalen Entscheedungsprozess, ë.a. duerch d'Initiative citoyenne communale, d'Haaptbedeelegungsinstrument vum Gesetzprojet. Dëst neit Instrument schreift sech an an d'Logik vun der Initiative citoyenne européenne, sou wéi se an den europäesche Verträg definéiert ass, a vum Droit d'initiative législative, sou wéi et an der neier lëtzebuergescher Verfassung steet, déi den 1. Juli 2023 a Kraaft trëtt. Dësen neien Outil wäert et de BiergerInnen, déi op d'mannst 16 Joer al sinn, erlaben, hir Erwaardungen auszedrécken an de Gemengerot dozou ze bréngen, iwwert d'Uleies ze décidéieren, dat aus der Initiativ ervirgeet.

Iwwert d'Initiative citoyenne communale eraus gi bestoend Bedeelegungsoutilen adaptéiert. Et handelt sech dobäi ëm den nationale Referendum, d'Biergerconsultatioun an d'konsultativ Kommissiounen. De Referendum, dee vum Gemengerot an d'Weeër geleet gëtt, wäert an Zukunft contraignante Charakter hunn, a fir dass d'WielerInnen no beschtem Wëssen a Gewëssen ofstëmme kënnen, kréie si en Informatiounsdossier zur Verfügung gestallt, deen de Kontext an den Hannergrond vum Referendum erkläert.

Fir d'Effizienz vun de Biergerbedeelegungsoutilen ze garantéieren, wëll de Gesetzprojet nach d'Informatiouns- a Kommunikatiounsmoyenen a -modalitéite vun de Gemenge moderniséieren. D'Informatioun ass zentral fir d'representativ Demokratie a stellt eng onëmgänglech Viraussetzung fir all effektiv Form vu Bedeelegung duer.

Donieft hunn d'Gemenge Profit aus der Digitalisatioun kënnen zéien, andeems si déi traditionell Kommunikatiounskanäl duerch digital Kanäl ergänzt hunn. Sou verstäerkt dës Diversificatioun vun den Informatiouns- a Kommunikatiounsoutilen d'Visibilitéit vun den Handlunge vun de Gewieltenen an erreecht déi ganz Populatioun. De Gesetzprojet iwwerléisst et de Gemengen, hir Kommunikatiouns- a Publicatiounsoutilen auszewielen, jee no Kontext a Méiglechkeeten, féiert awer Mindestufuerderungen an, déi fir d'lokal Demokratie indispensabel sinn.

Zu gudder Lescht ass d'Inneministesch der Meenung, dass d'Stäerke vun der Biergerbedeelegung um kommunale Plang, mam Haaptzil, d'BiergerInne besser um politeschen Entscheedungsprozess deelhuelen ze loossen, eng gesellschaftlech Prioritéit duerstellt, déi d'Regierung nach ëmsetze wollt.

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert