D'Chamber hëlt d'Haaptmesurë vum Solidaritéitspak 3.0. un: eng konkret Ënnerstëtzung fir d'Stéit

D'Haaptmesurë vum Solidaritéitspak 3.0. goufe vun der Chamber eestëmmeg ugeholl, wat ee wichtege Schrëtt bei der Ëmsetzung vum Moossnamepak duerstellt. Dës strategesch Moossnamen, déi aus dem Accord tëscht der Regierung, der Union des entreprises luxembourgeoises (UEL) an de Gewerkschafte LCGB, CGFP an OGBL ervirginn, hunn d'Zil, de Stéit hei am Land en Vue vun der unhalender Inflatioun, déi aktuell déi ekonomesch Landschaft präägt, eng konkret Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen.

©CHD Yuriko Backes, ministre des Finances
Yuriko Backes, ministre des Finances

Ënner anerem gouf déi linear Upassung vum Tarif iwwer d'Akommessteier fir natierlech Persounen un d'Inflatioun decidéiert, mat engem Ausgläich vun zwou an enger hallwer Indextranche ab 2024. Doriwwer eraus gesäit dat adoptéiert Gesetz déi réckwierkend Aféierung vun engem Konjunktur-Steierkredit ab dem 1. Januar 2023 vir, wouduerch den Equivalent vun zwou Indextranchen ausgeglach ka ginn. De Konjunktur-Steierkredit wäert vum Employeur all Mount ausbezuelt ginn an dëst nom Ausbezuele vun de viregte Méint.

Dës Moossname wäerten sech signifikant op d'Akommes vun Eenzelpersounen a Familljen auswierken. E Beispill: Eng jonk netbestuete Persoun ouni Kanner mat engem Bruttogehalt an Héicht vun 3.009,92 Euro pro Mount wäert 2023 dank dem neie Steierkredit eng Steiererliichterung vun 245 Euro kréien, ee Betrag, deen 2024 opgrond vun der Upassung vum Steiertabell op 285 Euro klamme wäert. Bei engem Bruttojoresakommes vu 60.000 Euro läit de Gewënn am Joer 2023 bei 525 Euro an am Joer 2024 bei 705 Euro.

Eng Famill mat engem Kand, an där een Elterendeel 3.750 Euro Brutto pro Mount an deen aneren 3.000 Euro Brutto verdéngt, wäert 2023 ee Benefice vu 620 Euro an 2024 ee vu 645 Euro hunn.

Eng Elengerzéiend Persoun mat engem Bruttojoresakommes vu 50.000 Euro kritt 2023 450 Euro an 2024 755 Euro.

Zousätzlech zu dëse legislative steierleche Moossname goufen Entwërf fir groussherzoglech Reglementer der reglementairer Prozedur ënnerbreet fir de Plaffong fir Scholdzënsen am Zesummenhang mat Immobiliëprêten unzehiewen, wat eng weider Moossnam am Kader vum Solidaritéitspak duerstellt.

No hirer Adoptioun wäerten dës Ännerungen dozou féieren, datt eng Koppel mat zwee Kanner an engem Immobiliëkredit schonns dëst Joer 2.460 Euro an d'Joer drop 2.580 Euro duerch d'Deductioun vun den ofsetzbaren Zënsen fir Immobiliëkreditter spuere kann. De Plaffong fir dës ofsetzbar Zënse gëtt vu véier Mol 2.000 Euro op véier Mol 3.000 Euro erhéicht.

De virdru genannte Gesetzesentworf beinhalt och déi réckwierkend Erhéijung vum steierfräien Undeel vum Netto-Loyerakommes aus Sozialwunnengen ab dem 1. Januar 2023 op 75% a bitt domat eng zousätzlech Ënnerstëtzung fir Stéit mat niddregem Akommes. Doriwwer eraus gesäit en d'Aféierung vun engem Steierkredit vir, deen zousätzlech zu de spezifesche Steierkreditter fir Independanten, Salariéeën a Pensionnairen agefouert gëtt, fir d'CO2-Steier auszegläichen.

D'Finanzministesch Yuriko Backes begréisst d'Adoptioun vun dëse Moossnamen an erkläert: Ech sinn houfreg, datt d'Chamber déi wichtegst Moossname vum Solidaritéitspak 3.0. eestëmmeg ugeholl huet. Dësen Accord weist eis Determinatioun, déi Lëtzebuerger Ekonomie z'ënnerstëtzen an de Stéit konkret Hëllefen ze bidden. Dës strategesch Steiermoossname sinn d'Resultat vun engem konstruktiven Dialog mat de Sozialpartner an erméiglechen et, d'Hausse vun de Liewenskäschten auszegläichen an d'Belaaschtung fir d'Stéit ze reduzéieren. Si illustréieren de proaktiven a solidaresche Krisemanagement vun der Regierung."

Communiqué vum Finanzministère

Aktualiséiert