Koalitiounsverhandlungen am Sennenger Schlass

Den 12. Oktober, hunn d'Delegatioune vun der CSV an der DP sech op Invitatioun vum Formateur Luc Frieden an der Plenière am Sennenger Schlass getraff. Verschiddenen Experten hunn hei hir Rapporten iwwert d'Situatioun vun de Staatsfinanzen an déi wirtschaftlech Perspektive fir Lëtzebuerg virgestallt.

An dësem Kontext, haten d'Delegatiounen Entrevuë mat follgenden Instanzen:

  • Finanzministère a Finanzinspektioun (IGF):
    • Nima Ahmadzadeh, Direkter vun der IGF
    • Bob Kieffer, Direkter vum Tresor
  • Nationalen Institut fir Statistiken (STATEC):
    • Dr Serge Allegrezza, Direkter vum STATEC
    • Tom Haas, Modeliséierung a Previsiounen, STATEC
  • Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur (CSSF) a Versécherungskommissariat (CAA):
    • Claude Marx, Direkter vun der CSSF
    • Thierry Flamand, President vum CAA
  • Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) a Gesondheetskeess (CNS):
    • Tom Dominique, Direkter vun der IGSS
    • Christian Oberlé, President vun der CNS

Fir déi nächst Plenière vu Freideg, dem 13. Oktober 2023, huet de Formateur follgend Entitéiten agelueden:

  • Aarbechtsagence (ADEM)
  • Lëtzebuerger Croix-Rouge a Caritas Lëtzebuerg

Fir d'Plenière vu Méindeg, dem 16. Oktober 2023, sti follgend Rendez-vousen um Programm:

  • OGB-L, LCGB a CGFP
  • UEL
  • Mouvement écologique an Nohaltegkeetsrot (CSDD)

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung 

Aktualiséiert