Weltdag vum Diabetes de 14. November: d'Risike kenne fir entspriechend ze handelen

De Weltdag vum Diabetes, dee vun der internationaler Federatioun vum Diabetes (FID) a vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an d'Liewe geruff gouf, fënnt all Joer de 14. November statt. Zil ass op d'Risike vun dëser chronescher Krankheet an op hir méiglech Preventiounsmoossnamen opmierksam ze maachen.

Dëst Joer setzt d'WHO de Fokus op eng Evaluatioun vun der eegener Ufällegkeet fir en Diabetes vum Typ 2 ze entwéckelen, ganz nom Motto "d'Risike kenne fir entspriechend ze handelen". Weltwäit ass zurzäit eng vun zéng Persoune vun Diabetes betraff, dat entsprécht ongeféier 537 Millioune Mënschen. Bal d'Hallschent vun hinne wëssen net dass si d'Krankheet hunn. Wann den Diabetes net rechtzäiteg erkannt a behandelt gëtt, kann en zu Komplikatiounen am ganze Kierper féieren. Dofir ass et wichteg, dass Persounen, déi ufälleg si fir Diabetes vum Typ 2 z'entwéckelen, d'Risike kennen a wësse wéi se deem entgéintwierke kënnen.

Zu Lëtzebuerg liewen zurzäit 35.000 Persoune mat Diabetes an all Joer gëtt bei méi wéi 900 Leit d'Krankheet diagnostizéiert. Et ass vun entscheedender Bedeitung, dass déi betraffe Persounen zouverlässeg Informatiounen an Accès zu ugepasste Behandlungsméiglechkeete kréien, souwéi zu Outile fir hir Krankheet ze geréieren an esou Komplikatiounen ze vermeiden an ofzebremsen.

An dësem Kontext si Sensibiliséierungsaktivitéite virgesinn, bei deenen d'Leit teste kënnen ob si ufälleg si fir Diabetes an déi Persounen ze ënnerstëtzen, déi scho mat der Krankheet liewen. Um Terrain sinn d'Acteuren dat ganzt Joer disponibel fir déi betraffen Diabetiker am Alldag ze begleeden.

Sensibiliséierungsaktivitéiten am Kader vum Weltdag vum Diabetes

Dëst Joer, wärend der Woch vum Weltdag vum Diabetes, organiséieren d'Santé an de Syndicat des Pharmaciens Luxembourgeois (SPL), d'Federatioun déi bei Luxembourg Confederation affiliéiert ass, mat der Ënnerstëtzung vun der Associatioun luxembourgeoise du diabète (ALD) a verschiddenen Apdikten uechter d'Land eng Sensibiliséierungscampagne fir d'Risiken z'evaluéieren. Vum 13. bis den 18. November, kënne sech Persounen, déi nach net diagnostizéiert goufen, bei den deelhuelenden Apdikten informéieren an op d'Risikofacteure vum Diabetes teste loossen.

D'Lëscht vun den Apdikten, déi hei matmaachen, fannt Dir op sante.lu.

Doriwwer eraus, organiséiert d'Associatioun luxembourgeoise du diabète (ALD) zesumme mat der Fédération luxembourgeoise de marche populaire (FLMP) den 12. November zu Hesper d'Solidartiéitsmarche "10.000 Schrëtt géint den Diabetes".

E Konferenzowend mam Titel "Le diabète en questions" fënnt de 14. November am Auditorium vum Spidol HRS-Kierchbierg (9, rue Edward Steichen, L-2540 Lëtzebuerg) statt.

Um Weltdag vum Diabetes de 14. November, organiséieren d'Spideeler uechter d'Land och Info-Seancen iwwert den Diabetes a bidden Testméiglechkeeten u fir säin Diabetes-Risiko ze testen. Den CHL (Centre hospitalier du Luxembourg), d'Nordspidol (CHdN), de CHEM (Centre hospitalier Emile Mayrisch) an den HRS (Hôpitaux Robert Schumann) huelen un dëser Aktivitéit deel.

Weider Informatiounen heizou fannt Dir am Agenda vu sante.lu

 

Preventioun an Hëllef zum Thema Diabetes bei der Maison du diabète

 

Zu Lëtzebuerg kann een sech zum Thema Diabetes un d'Maison du diabète wenden, déi dëst Joer 20 Joer gefeiert huet. Hei kréie Persoune mat Diabetes fachlech Informatiounen zum Thema Gesondheet, fir esou e bessert Verständnis vun hirer Krankheet ze kréien an ze léieren domat ëmzegoen. Och d'Preventioun vum Diabetes vum Typ 2 a seng spéider Komplikatioune ginn hei thematiséiert. D'Haus bitt eng individuell Betreiung a personaliséiert Berodung duerch eng Infirmière an/oder eng Dieteticienne, déi béid am Beräich vum Diabetes spezialiséiert sinn, sou wéi eng Panoplie u Coursen an Informatiounsgruppen. Duerch de reegelméissegen Echange mat de Membere vum INDFEDIAB-Grupp (Infirmiere fir d'Opklärung am Beräich vum Diabetes) vun der Société luxembourgeoise de diabétologie, schaffen si och enk mat den Diabetes-Unitéite vun de véier Lëtzebuerger Spideeler zesummen.

Virbeugung fir de Risikofacteuren entgéintzewierken

Laut Definitioun vun der WHO ass Diabetes eng chronesch Krankheet, déi optrëtt, wann d'Bauchspeicheldrüs net genuch Insulin produzéiert (Hormon wat d'Zockerkonzentratioun am Blutt reguléiert) oder wann den Organismus de produzéierten Insulin net korrekt verschafft. En onbehandelten oder net equilibréierten Diabetes, deen heefeg zu Hyperglycemie féiert (héich Zockerkonzentratioun am Blutt) kann op Dauer irreversibel Komplikatioune mat sech bréngen (Bluttgefäässer, Nerven, Aen, Nieren, ...).

Wärend den Diabetes vum Typ 1 eng Autoimmunerkrankung ass, déi een net verhënnere kann, ass et méiglech preventiv op den Diabetes vum Typ 2 anzewierken. Dëse mécht d'Majoritéit vun den Diabeteserkrankunge weltwäit aus an hänkt oft mat Iwwergewiicht, enger schlechter Ernierung an engem Mangel u Beweegung zesummen. An dësem Zesummenhang, gëlle follgend Recommandatiounen:

Op säi Body-Mass-Index (BMI) oppassen, well déi gesondheetlech Risike bei engem BMI vu méi wéi 25 bei Erwuessener zouhuelen;

Reegelméisseg sportlech aktiv sinn oder op d'mannst sech deeglech méi beweegen;

Méi gesond an equilibréiert Iessgewunnechten adoptéieren a manner fetteg a séiss Liewensmëttel zou sech huelen, besonnesch zockerhalteg Gedrénks a Limonaden;

Am Zweiwelsfall säin Dokter consultéieren an de Bluttzockerspigel iwwerpréiwe loossen.

 

 

Weider Informatiounen zum Diabetes fannt Dir an der Rubrik "Diabète" op sante.lu an op www.ald.lu.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert