Réckbléck op déi 45. Woch vum 6. bis den 12. November 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an den Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch:

COVID-19Hausse, dono eng liicht Baisse an der Woch vun der Schoulvakanz.

Respiratory Syncytial Virus (RSV): Hausse an der Zirkulatioun vum RSV-Virus.

Gripp: Wéineg erfaasste Grippefäll, d'Zirkulatioun vun der Gripp ass op engem relativ niddregen Niveau.

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 6. bis den 12. November 2023 (Woch 45), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 294 erop, par Rapport zu 195 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 51% ausmécht.

De Positivitéitstaux klëmmt op 24% am Verglach zu 23% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëlt zou[1].

Zesumme geholl, weisen dës 3 Indicateuren drop hin, datt d'Zirkulatioun vum SARS-CoV-2 zouhëlt, an dass d'Baisse vun der viregter Woch warscheinlech op d'Schoulvakanz zréckzeféieren war. Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 6. bis den 12. November 2023 (Woch 45), geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 14 Fäll erop am Verglach zu 4 Fäll an der viregter Woch.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vum RSV, vum Rhinovirus, vum Adenovirus a vum SARS-CoV-2-Virus hiweisen, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza).[2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 6. bis de 12. November 2023 (Woch 45), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi am Laboratoire vum CHL positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 37 Fäll am Verglach zu 19 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vu 94% ausmécht.

Communiqué vum Gesondheetsministère

[1] www.list.lu

[2] lns.lu/publications

Aktualiséiert