Réckbléck op déi 46. Woch vum 13. bis den 19. November 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an den Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: e liichte Réckgang am Laf vun der leschter Woch.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): D'Zirkulatioun vum RSV-Virus hëlt zou.

Influenza: d'Zuel vun den erfaasste Fäll vun Influenza hëlt zou, d'Verbreedung vun der Gripp bleift op engem relativ niddregen Niveau.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 13. bis den 19. November 2023 (Woch 46), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 257 erof, par Rapport zu 294 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vun 12,5% ausmécht.

De Positivitéitstaux fält op 21% am Verglach zu 24% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëlt zou[1].

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 13. bis den 19. November 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 24 erop, par Rapport zu 14 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vu 71% par Rapport vun der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren, SARS-CoV-2 an RSV, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza), hiweisen. [2]

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 13. bis den 19. November 2023 (Woch 46), klëmmt d'Unzuel vun de Persounen, déi an de Laboratoirë positiv op de RSV-Virus getest goufen, op 55 Fäll am Verglach zu 40 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vu 37,5% ausmécht.

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert