Réckbléck op déi 49. Woch vum 4. bis den 10. Dezember 2023

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19, d'Gripp (Influenza-Virus) an de Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus).

Trends vun der Woch

COVID-19: Augmentatioun vun de COVID-19 Fäll.

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus): liicht Augmentatioun vun den RSV Fäll.

Influenza: staark Augmentatioun vun de Grippefäll.

COVID-19/SARS-CoV-2

An der Woch vum 4. bis den 10. Dezember 2023 (Woch 49), geet d'Zuel vun de positiv op SARS-CoV-2 geteste Persounen op 658 erop, par Rapport zu 460 an der Woch virdrun, wat eng Hausse vun 43% ausmécht.

De Positivitéitstaux klëmmt op 28% am Verglach zu 26% an der viregter Woch. D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser hëllt liicht of [1].

Déi lescht disponibel Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant BA.2.86 (44%) a vun der Variant XBB.1.9 (30%) gewisen [2].

Gripp

An der Woch 4. bis den 10. Dezember 2023 (Woch 49), geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 134 erop, par Rapport zu 51 an der Woch virdrun, wat eng Erhéijung vun 163% par Rapport vun der Woch virdrun ausmécht.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu SARS-CoV-2, Rhinoviren an RSV hiweisen. D'Iwwerwaacheng bestätegt och eng erhéichten Zirkulatioun vum Grippevirus [2].

Respiratory Syncytial Virus (RSV-Virus)

An der Woch vum 4. bis den 10. Dezember 2023 (Woch 49), klëmmt d'Unzuel vun de postiv geteste Persounen, déi vun de Laboratoirë gemellt goufen, op 134 Fäll am Verglach zu 116 Fäll an der viregter Woch, wat eng Augmentatioun vun 16% ausmécht.

D'Impfung: eng Preventivmoossnam géint Infektioune vun den Otemweeër

D'Impfung bitt en effikasse Schutz géint Infektioune vun den Otemweeër an déi schwéier Verleef déi dës mat sech brénge kënnen. Persoune vu 65 Joer a méi, souwéi vulnerabel Persounen, kréie recommandéiert sech géint d'Gripp an de COVID-19 impfen ze loossen. Wend Iech zum Thema Impfung un Ären Hausdokter.

Weider Informatiounen zur Preventioun géint Infektioune vun den Otemweeër fannt Dir um Site sante.lu.

Communiqué par le ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert