Sexuell iwwerdrobar Infektiounen vermeiden: Sech selwer schütze fir seng Léifsten ze schützen

Wéi all Joer, mobiliséiert de Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet sech fir d'Bevëlkerung, a besonnesch jonk Erwuessener, drop opmierksam ze maachen, wéi wichteg et ass sech géint sexuell iwwerdrobar Infektiounen (STI) ze schützen.

Laut engem rezente Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun (OMS), stierwen all Joer 2,5 Millioune Mënschen un de Suitte vum HIV, vun der viraler Hepatitt oder vun anere sexuell iwwerdrobare Krankheeten. An de leschte véier Méint, gouf iwwerdeems eng signifikant Hausse vun de Syphilis-Fäll zu Lëtzebuerg enregistréiert.

An deem Kontext, erënnert de Ministère nach eemol drun, wéi wichteg et ass sech mam Risiko vun den sexuell iwwerdrobare Krankheeten auserneenzesetzen, virun allem wa gréisser Party-Eventer ustinn, wou ee vill nei Leit kenneléiert.

Rappel: déi richteg Gesten am Ëmgang mat der sexueller Gesondheet

 

Wann een den Infektiounsstand vu sengem Partner oder senger Partnerin net kennt, bidde Kondomer bei sexuellen Handlungen dee beschte Schutz. Mee et gëtt nach aner einfach Gesten, fir sech selwer an säin Ëmfeld ze schützen:

  • Sech géint den HPV an Hepatite A a B impfe loossen.
  • D'Afepouken-Impfung (Virbeugung vum Mpox) fir Männer déi sexuell Bezéiunge mat Männer hunn.
  • Sech reegelméisseg op Geschlechtskrankheeten an HIV teste loosse wann ee verschidde Partner huet.
  • Sech op Geschlechtskrankheeten an HIV teste loosse wann een de Kondom bei engem feste Partner ewechloosse wëll.
  • Medikamenter, déi ee vu sengem Dokter verschriwwe krut, reegelméisseg a bis zum Schluss vum Traitement huelen.
  • Säin oder seng Partner informéiere fir datt si sech, wann néideg, och teste loossen.
  • Seng Sprëtzen a säi Material fir ze Sniffen net deelen.

Am Fall vu Geschlechtsverkéier mat HIV-Risiko, kann een eng prophylaktxesch Behandlung no der Risikoaussetzung maachen, fir eng Infektioun ze vermeiden. Se muss allerdéngs innerhalb vun 48 Stonne stattfannen, fir dass se erfollegräich ass.

Ausserdeem gëtt recommandéiert sech fréistens 2-3 Wochen an egal wéi ëmmer 6 Wochen nom Risiko-Geschlechtsverkéier testen ze loossen (falls keng siichtbar Symptomer optrieden). Et dauert effektiv mindestens 2 bis 3 an heiansdo 6 Wochen nom Risikoverkéier, fir dass d'Tester eng méiglech Infektioun detektéieren oder en negatiivt Resultat bestätege kënnen. An där Zäit ass et immens wichteg bei Geschlechtsverkéier e Kondom ze benotzen, fir dass eng méiglech Infektioun net iwwerdroe gëtt.

Bei Symptomer déi op eng sexuell iwwerdrobar Infektioun hindeiten (Bass, Brennen, Ausschlag...), soll ee sech direkt teste loossen. Duerch eng séier Behandlung, kënne verschidde Komplikatioune vermeit ginn.

Wou kann ee sech teste loossen?

Den Depistage vun de sexuell iwwerdrobaren Infektioune ka beim Hausdokter oder soss engem Dokter gemaach ginn. Et huet een och d'Méiglechkeet sech bei der HIV-Berodung vun der Croix-Rouge, beim Planning familial, bei der Jugend- an Drogenhëllef oder beim Abrigado testen ze loossen. Et ass och méiglech sech gratis, anonym an ouni Ordonnance beim Service des maladies infectieuses vum CHL testen ze loossen, wou e Blutttest an/oder e Schnelltest verschriwwe ka ginn.

Fir weider Informatiounen: 

De Rapport "Implementing the global health sector strategies on HIV, viral hepatitis and sexually transmitted infections, 2022–2030"

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

Aktualiséiert