Präsenz vu Bloalgen: Schwammen op der Plagë vu Burfelt a Rommwiss verbueden

Am Kader vun der reegelméisseger Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit a Schwammgebidder gouf op der Héicht vun de Plagë Rommwiss a Burfelt um Stauséi eng erhéichte Konzentratioun u Cyanobakterien, sougenannte "Bloalgen" festgestallt.

©AGE Algues bleues à la plage Burfelt
Algues bleues à la plage Burfelt

Opgrond vum Gesondheetsrisiko gouf e Schwammverbuet fir d'Plagë vu Burfelt an der Rommwiss verhaange, wat direkt a Kraaft trëtt. Dëst entspriechend dem ofgeännerte groussherzogleche Reglement vum 19. Mee 2009 iwwer d'Aféierung vu spezifesche Schutzmoossnamen an de Programmer vun der Iwwerwaachung vun der Waasserqualitéit a Schwammgebidder.

Verschidden Zorte vu Cyanobakterien produzéieren nämlech Gëftstoffer déi ee Gesondheetsrisiko fir Mënschen, Waasserfauna, Hausdéieren a Béischten duerstelle kënnen. Dofir gouf den Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) domadde beoptraagt d'Verbreedung vun de Cyanobakterien an den offizielle Schwammgebidder z'iwwerwaachen. D'Analyse vun haut hu gewisen, datt op de Burfelter an de Rommwisser Plagen den Undeel u gëftege Cyanobakterien a Gëftstoffer iwwer dem Aktiounsgrenzwäert läit (kuckt och den nationale Warnplang fir Cyanobakterien).

D'Symptomer déi duerch de Kontakt, d'Verschlécken oder d'Anootme vun dëse Substanzen optrieden, kënne ganz verschidden Ausmoossen hunn, wéi z.B. Kappwéi, Reizungen an/oder Verbrennunge vun der Haut oder och nach Iwwelzegkeet. Wann Dir nom Schwamme gesondheetlech Probleemer hutt, consultéiert Ären Hausdokter an informéiert hien iwwert de méigleche Kontakt mat gëftege Cyanobakterien.

Fir Waassergebidder wou eng erhéichte Konzentratioun u Cyanobakterien festgestallt ginn ass, huet d'Waasserverwaltung, laut den Empfeelunge vun der Gesondheetsdirektioun, follgend Recommandatioune fir d'Ëffentlechkeet:

  • Hënn an aner Hausdéiere sollen dat Waasser net drénken;
  • De Kontakt mam Waasser vermeiden;
  • All Waasseraktivitéiten evitéieren (z.B. Waassersport, Fëschen).

A besonnesch beim Fëschen:

  • De Kontakt mat de Fësch evitéieren;
  • Déi gefaange Fësch net consomméieren;
  • Op d'Fësche verzichte wa Cyanobakterie sichtbar sinn.

Wien am Groussherzogtum Bloalgen entdeckt kann dëst iwwert d'App Bloomin'Algae mellen, wat da vun engem Expert vum LIST evaluéiert gëtt. All Beobachtunge sinn op cyanowatch.lu verfügbar.

Fir den Ament ass op den anere Plagë vum Stauséi, nämlech zu Léifreg, Fuussefeld, Ënsber a Lëlz d'Schwammen nach erlaabt. An dësem Kontext, erënnert d'Waasserverwaltung drun, dass geméiss dem groussherzogleche Reglement vum 19 Mee 2009, d'Buedsaison den 30. September 2024 op en Enn geet.

Et sief dorun erënnert dass kee Risiko beim Konsum vun Drénkwaasser aus dem Stauséi besteet. D'Réiwaasser gëtt effekiv aus der Déift (25m) vum Stauséi geholl, wou d'Konzentratioun u Cyanobakterien ganz geréng ass. Doriwwer eraus kann den installéierte Veraarbechtungssystem d'Toxinen, déi vun de Cyanobakterien produzéiert ginn, wirksam eliminéieren.

Op der Internetsäit vun der Waasserverwaltung www.waasser.lu kann een sech doriwwer informéiere wéi eng offiziell Schwammgebidder op oder zou sinn.

Communiqué vun der Waasserverwaltung 

Aktualiséiert