Schwammen op de Plagë vu Rommwiss a Burfelt nees erlaabt

Warnung wéinst Cyanobakterien ass opgehuewen

D'Waasserverwaltung deelt mat, datt nodeems d'lescht Woch eng Verbreedung vu Cyanobakterien (Bloalgen) op der Héicht vun de Plagë Rommwiss a Burfelt um Stauséi festgestallt gouf – an domadder verbonnen, eng erhéichte Konzentratioun u Gëftstoffer, déi vun dëse Cyanobakterien produzéiert ginn – sech d'Situatioun nees normaliséiert huet. Deemno sinn d'Schwamme grad esou wéi Sport- a Fräizäitaktivitéiten op dëse Plazen nees erlaabt.

Tatsächlech hunn déi méi niddreg Temperaturen zu engem staarke Réckgang vun der Biomass vun de Cyanobakterien gefouert an d'Iwwerwaachung duerch de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) konnt d'Opléisung vun den Effloreszenze bestätegen. Opgrond vun dëser Evolutioun kann d'Warnung virun den toxesche Risiken duerch d'Präsenz vu Cyanobakterie fir déi ëffentlech Gesondheet opgehuewe ginn.

Op der Internetsäit vun der Waasserverwaltung www.waasser.lu kann een sech doriwwer informéiere wéi eng offiziell Schwammgebidder op oder zou sinn.

Aktualiséiert