Weltdag vun der Sécherheet vun de Patienten

De 17. September ass de Weltdag vun der Sécherheet vun de Patienten. Dësen Dag gouf vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an d'Liewe geruff, fir d'Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren an d'Sécherheet vun der medezinescher Versuergung vu Patienten ze fuerderen. Och dëst Joer schléisst Lëtzebuerg sech der internationaler Communautéit un a bekräftegt säin Engagement fir eng sécher Gesondheetsversuergung fir jiddwereen.

2024 läit de Fokus um Thema "D'Diagnos verbessere fir d'Sécherheet vun de Patienten ze garantéieren". D'Zil vun dëser Campagne ass et déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur, d'Politiker, d'Patienten an déi breet Ëffentlechkeet op d'Wichtegkeet vun enger richteger a schneller Diagnos ze sensibiliséieren.

Eng sécher Diagnos als absolutt Prioritéit

Duerch Weiderbildung sollen déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur um neiste Wëssensstand vu bestëmmten Themeberäicher bleiwen, fir esou och d'Sécherheet vun den Diagnose garantéieren ze kënnen.

Gläichzäiteg soll déi breet Ëffentlechkeet op d'Wichtegkeet vum Depistage vu Broschtkriibs, Daarmkriibs, Prostatakriibs an anere Krankheeten opmierksam gemaach ginn.

Eng gutt Diagnos berout op Teamaarbecht

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem favoriséiert iwwerall wou et erfuerderlech ass eng multidisziplinär Approche zur Diagnos-Erstellung.

Déi aktiv Participatioun vun de Patienten an hire Famillje steet och am Fokus vun de Beméiunge fir d'Diagnosen ze verbesseren. D'Patiente sollen zu aktiven Acteure vun hirer eegener medezinescher Versuergung ginn. Si kënnen och eng Vertrauenspersoun ernennen, déi hinne wärend dësem ganze Prozess zur Säit steet. Doriwwer eraus, soll duerch d'Schafe vun engem nationalen Informatiouns- a Mediatiounsservice eng Ulafstell gebuede ginn, wou d'Patienten sech beroden a begleede loosse kënnen, fir aktiv un hirer Behandlung deelzehuelen.

Et ass wichteg de Patient an den Diagnos-Prozess mat anzebannen, fir eng präzis Diagnos erméiglechen ze kënnen an d'Sécherheet vum Patient ze sécheren. De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet ënnerstëtzt sämtlech Initiativen an Aktioune vun nationale Patientenorganisatiounen an erkennt esou hir entscheedend Roll bei der Verbesserung vun der Qualitéit vun der medezinescher Versuergung an der Fërderung vun der Patientesécherheet op allen Niveauen un.

"Nëmmen eng richteg Diagnos ass eng sécher Diagnos!"

Ënnert dësem Motto rifft d'WHO dozou Hand an Hand ze schaffen, fir Diagnos-Feeler ze reduzéieren an d'Sécherheet vun de Patienten ze garantéieren. An dësem Kontext fënnt vum 13. bis de 27. September 2024 eng Kommunikatiouns-Campagne statt, déi mat de Professionellen aus dem Gesondheetssecteur organiséiert gëtt. Zil ass et déi breet Ëffentlechkeet an d'Acteuren aus dem Secteur op d'Wichtegkeet vun der Teamaarbecht ze sensibiliséieren, an d'Patiente mat hire Familljen an dëse Prozess mat anzebezéien, fir esou eng richteg, schnell a sécher Diagnos stellen ze kënnen.

Zesumme, kënne mir d'Sécherheet vun de Patiente stäerken an d'Qualitéit vun der medezinescher Versuergung zu Lëtzebuerg verbesseren.

Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet