Fënneften internationalen Dag fir d'Sensibiliséierung iwwer d'Liewensmëttelverschwendung: eng kollektiv Verantwortung!

Den internationalen Dag géint d'Liewensmëttelverschwendung ass 2020 vun de Vereenten Natiounen (NATO) an d'Liewe geruff ginn. Et ass d'Geleeënheet fir all 29. September drun ze erënneren datt d'Lutte géint d'Liewensmëttelverschwendung eng wichteg Moossnam géint de Klimawiessel ass.

Tatsächlech sinn déi ekologesch Erausfuerderunge ronderëm d'Liewensmëttelverschwendung konsequent: 28% vun de landwirtschaftlech genotzte Fläche ginn onnéideg genotzt, ganz ofgesi vun den enorme Quantitéiten u Waasser déi all Joers verbëtzt ginn. Esou verschwanne ronn 250 Kubikmeter Waasser, wat der dräifacher Capacitéit vum Genfer Séi entsprécht. Wat d'CO2-Emissiounen ugeet ass de Bilan grad esou alarmant: All Joer ginn duerch d'Verschwendung vun de Liewensmëttel, déi gréisstendeels op den Dreckstippe landen, 3,3 Gigatonnen Zäregasen an d'Atmosphär fräigelooss.

Liewensmëttelverschwendung kënnt an allen Etappe vun der Versuergungskette vir, vun der Produktioun bis zum Endverbrauch, iwwer Veraarbechtung an de Verkaf. Allerdéngs sinn et d'Privatstéit, déi am meeschte verbëtzen. Zu Lëtzebuerg sinn d'Stéit fir 53% vun de Liewensmëtteloffäll verantwortlech.

Um internationalen Dag géint d'Liewensmëttelverschwendung leet de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau deemno besonnesch vill Wäert op déi richteg Geste fir manner Verschwendung.

Einfach an effizient "Antigaspi"-Reegelen

Dës Sensibiliséierungscampagne, déi vum 23. bis den 29. September besonnesch op de soziale Reseaue vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau stattfënnt, wäert aacht gëlle Reegele fir e verantwortungsvolle Konsum vu Liewensmëttel ervirhiewen. Déi héich Liewensmëttelverschwendung ass effektiv net op e virsätzlecht Verhale vun de Verbraucher zeréckzeféieren. Et handelt sech hei éischter ëm Gesten déi op enger mangelhafter Informatioun iwwer den Transport vu frësche Wueren aus dem Supermarché bis heem, oder och nach d’Interpretatioun vun de Verbrauchsdatumer baséieren. An deem de Verbraucher dës aacht einfach Gesten a sengem Alldag anhält, ass hie beschtens ekipéiert fir d'Quantitéit u Liewensmëttel déi ewechgehäit ginn ze reduzéieren.

  • Intelligent akafen
  • Krommem Uebst a Geméis eng Chance ginn
  • D'Killketten net ënnerbriechen
  • De Frigo richteg araumen
  • D'Iesswuere richteg lageren
  • D'Haltbarkeet préiwen
  • Keng ze grouss Portiounen huelen
  • D'Reschter kreativ verwäerten

Fir d'Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, ass d'Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung net nëmmen eng Moossnam fir d'Ëmwelt, mee huet och e moraleschen an ekonomeschen Aspekt:

All Geste zielt, an andeem mir eis Gewunnechten änneren, kënne mir all dozou bäidroen déi natierlech Ressourcen ze schounen an d'Auswierkunge vum Klimawandel ze reduzéieren. Loosst eis zesummen dofir suergen, datt d'Reduzéierung vun der Liewensmëttelverschwendung zu engem alldeegleche Reflex fir eng méi nohalteg Zukunft gëtt.

Wie gewënnt de Concours vum dem originellsten Antigaspi-Rezept?

Am Kader vun dëser Campagne ass e Concours lancéiert ginn, wou d'Stéit hier beschten Antigaspi-Rezepter bis spéitstens den 29. September iwwer E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu eraschécke kënnen. Dat originellste Rezept gëtt um Site www.antigaspi.lu verëffentlecht. De Gewënner oder d'Gewënnerin kann un engem Antigaspi-Kachcours deelhuelen, deen an Zesummenaarbecht mat der Hotelschoul (EHTL) organiséiert gëtt.

Communiqué vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau