Aktualiséiert den
Presentatioun vun der zweeter Consultatiounsphas vum Pensiounssystem
Den 12. Februar 2025 huet d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet déi zweet Phas vum Participatiounsprozess vun "Schwätz mat! D'Zukunft vun eiser Altersofsécherung"
An der éischter Phas vun dëser breeder Consultatioun, déi tëscht dem 4. Oktober an dem 2. Dezember 2024 ofgehale gouf, konnten d'Meenunge vun de Biergerinnen a Bierger, den Experten an Expertinnen an den Interessensgruppen iwwert d'Zukunft vun eisem Pensiounssystem zu Lëtzebuerg gesammelt, an thematesch Schwéierpunkten identifizéiert ginn. Dës Schwéierpunkte bilden elo den Ausgangspunkt fir weider Denkustéiss an den nächste Wochen.
D'Dialogphas
Déi zweet Phas vun dësem Consultatiounsprozess, déi sougenannten "Dialogphas" berout op zwou Sailen:
- eng interaktiv ëffentlech Participatioun déi säit dem 12. Februar 2025 online op der Plattform schwätzmat.lu verfügbar ass;
- eng Rei Experteronnen ab Mäerz 2025.
Dës Phas artikuléiert sech ëm dräi Haapttheemen, déi fir d'Zukunft vun der Altersvirsuerg zu Lëtzebuerg entscheedend sinn:
1. Adaptabilitéit vum Pensiounssystem
Kärthema ass hei d'Flexibiliséierung vum Pensiounssystem, soudass déi ganz Diversitéit vun den individuelle Liewenssituatioune berécksiichtegt gëtt. Am Fokus vun den Debatte stinn hei ë.a. d'Aféierung vun individuelle Wielméiglechkeete fir de Pensiounsalter a bei de Contributiounsmodeller.
2. Nohaltegkeet vum Pensiounssystem
Dëse Volet beschäftegt sech mat der finanzieller Stabilitéit vum Pensiounssystem an den domat verbonnene sozialen an ekologeschen Auswierkungen. Hei gëtt déi laangfristeg Nohaltegkeet vum System mat Hibléck op demografesch Facteure wéi eng Bevëlkerung, déi ëmmer méi al gëtt an d'Verlängerung vun der Liewenserwaardung analyséiert.
3. Gerechtegkeet vum Pensiounssystem
De Schwéierpunkt läit hei op der Fro vun der Gerechtegkeet tëscht de Generatiounen, dem Schutz vu vulnerabele Bevëlkerungsgruppen an der Transparenz vum System. Zil ass et eng gerecht Verdeelung vun de Ressourcë fir déi haiteg an zukünfteg Generatiounen ze garantéieren.
Ëffentlech Online-Consultatioun
Vum 12 Februar bis den 9. Mäerz 2025, kënnen d'Biergerinnen a d'Bierger bei enger neier Online-Ëmfro op schwätzmat.lu matmaachen. D'Participante kënnen hir Meenung zu bestëmmten Aussoen iwwert dës dräi Haaptsujeten ofginn an hir Bäiträg kommentéieren.
D'Bäiträg vun de Biergerinnen a Bierger ginn direkt an d'Diskussioune vun den Experteronnen integréiert an droen esou zur Elaboratioun vun nohaltege Léisunge fir de Pensiounssystem bäi.
Experteronnen
No der ëffentlecher Consultatioun, ginn d'Resultater vun allen Diskussiounen – mat den Interessensgruppen an der Ëffentlechkeet – vun dräi Expertegruppen analyséiert. Dës Gruppe ginn op Basis vun den Theme gebilt, déi an der éischter Consultatiounsphas definéiert goufen.
Datumer vun den dräi Experteronnen:
- 21. Mäerz 2025: Adaptabilitéit vum Pensiounssystem
- 4. Abrëll 2025: Gerechtegkeet vum Pensiounssystem
- 24. Abrëll 2025: Nohaltegkeet vum Pensiounssystem
Follgend Experten an Interessensgruppen goufe schonn invitéiert:
- Gewerkschaftlech a patronal Organisatiounen: OGBL, LCGB, CGFP, UEL
- Politesch Vertrieder a Vertriederinnen: Chamber (1 Deputéierte pro politesch Partei an 1 Vertrieder vun all politesch Jugendorganisatioun)
- Institutiounen an Organisatiounen aus der ziviller Gesellschaft: ACEL, Jugendrot, GERO, Entente des offices sociaux, CNFL, CSDD, MouvEco
D'Diskussioune wäerten op wëssenschaftleche Presentatioune baséieren (notamment vum STATEC a LISER), a bidden d'Méiglechkeet fir d'Léisungsvirschléi vun der Bierger-Ëmfro ausféierlech ze ënnersichen an d'Expertise vun de betraffenen Acteuren ze sammelen. D'Zil ass et Recommandatiounen ze formuléieren, déi als Grondlag fir zukünfteg politesch Decisiounen déngen.
D'Aarbechtssëtzunge vun den Experteronne sollen deemno dozou bäidroe konkreet Léisungen a Recommandatiounen auszeschaffen, fir d'Nohaltegkeet an d'Gerechtegkeet vum Lëtzebuerger Pensiounssystem ze garantéieren, soudass bis de Summer 2025 eng zolidd Grondlag fir méiglech Reformsmoossnamen disponibel ass.
De Consultatiounsprozess gëtt viraussichtlech Enn Mee 2025 mat enger finaler Presentatioun an der Verëffentlechung vun engem zesummefaassende Rapport ofgeschloss.
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet