Aktualiséiert den
LT4All: Eric Thill inauguréiert Unesco-Konferenz iwwer Sproochtechnologien
De 24. Februar huet de Kulturminister Eric Thill als Keynote-Speaker un der Inauguratioun vun der Konferenz Language Technologies for All (LT4All) bei der Unesco zu Paräis deelgeholl. Déi zweet Editioun vun dëser internationaler Konferenz fënnt vum 24. bis de 26. Februar zu Paräis statt an huet Advancing Humanism through Language Technologies als zentraalt Theema. De Fokus vun der Konferenz läit op der Ënnerstëtzung vu klenge Sproochcommunautéiten a vu Méisproochegkeet duerch digital Sproochtechnologien.
A senger Ried huet den Eric Thill betount, dass "Lëtzebuerg seng Sproochendiversitéit als kloer Stäerkt ugesäit. Duerch den digitale Fortschrëtt huet d'Lëtzebuergescht nach emol ee grousse Schratt no vir gemaach." Dofir wier d'Regierung" prett, fir d'Erfarungen am Beräich vum Multilinguismus an der Multikulturalitéit, esou wéi eis digital Outilen mat anere Sproochgemeinschafte weltwäit ze deelen an aktiv zu den internationalen Efforte bäizedroen." De Minister huet de Fokus och op den Ausbau vun digitalen Hëllefsmëttel fir d'Léiere vun der Sprooch, der Inklusioun an der Integratioun geluecht.
D'Lëtzebuerger Sproochesituatioun an d'Lëtzebuerger Sproochtechnologië stoungen och um Programm vun der Konferenz. Den Dr. Christopher Morse, Computerlinguist beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), huet a senger Presentatioun Redefining Progress in the Margins: Lessons from Big Tech & Small Data d'Fortschrëtter am Beräich vun den digitalen Applikatioune fir d'Lëtzebuerger Sprooch duergeluecht. Den Dr. Morse huet och de spezielle Fall vum Lëtzebuergeschen als kleng Sprooch an engem méisproochege Kontext presentéiert an ass dorop agaangen, wéi eng Lektioune fir d'Entwécklung vu Sproochtechnologien heiraus kënne gezu ginn. D'Lëtzebuerger Delegation hat des Weideren konstruktiv Echangë mat verschiddenen Experten aus anere Länner an aus dem digitale Secteur.
Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)"
De Kulturminister Eric Thill huet am Laf vun der LT4All-Konferenz d'Participanten invitéiert, fir d'Wanderausstellung "D'Lëtzebuerger Sprooch(en)" z'entdecken. Dës Wanderausstellung vum ZLS gouf schonn den 18. Februar an der Salle des pas perdus am Sëtz vun der Unesco opgeriicht an am Kader vum Internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar mat an de Programm vu Virträg an Table-rondë bei der Unesco opgeholl. An dësem Kontext konnten Honnerte vun Interesséierte sech iwwer d'Sproochsituatioun zu Lëtzebuerg an d'Lëtzebuerger Sprooch informéieren.
Och bei dëser Konferenz war Lëtzebuerg duerch d'Madame Claude Sevenig prominent vertrueden, déi d'méisproochech Fréifërderung zu Lëtzebuerg virgestallt huet. Bei de kulturelle Festivitéiten, déi alljoers owes am Kader vum internationalen Dag vun der Mammesprooch bei der Unesco organiséiert ginn, war Lëtzebuerg doriwwer eraus dëst Joer duerch d'Rapperin Nicool, vertrueden. D'Rapperin huet deen Owend dräi vun hire Lidder op Lëtzebuergesch presentéiert.
Entrevuë mat Unesco-Responsabelen
Um 24. Februar huet de Kulturminister Eric Thill vun der Geleeënheet profitéiert, fir sech och mat héige Responsabele vun der Unesco auszetauschen, dëst mam Zil, fir d'Kooperatioun an de Beräicher Kultur a Kommunikatioun ze verdéiwen. De Kulturminister hat produktiv Gespréicher mam Här Ernesto Ottone (Directeur général adjoint fir d'Kultur bei der Unesco) a mam Här Tawfik Jelassi (Directeur général adjoint fir d'Kommunikatioun an d'Informatioun bei der Unesco). Dës Entrevue stoungen ënner dem Zeeche vun der Lëtzebuerger Kandidatur, fir vun 2025-2029 Member vum Conseil Exécutif vun der Unesco ze ginn. D'Theemen déi abordéiert goufen ware virun allem Kultur a Fridden, Kultur als spezifescht Nohaltegkeetszil an den Zougang zur Kultur, eng vun de politesche Prioritéite vum Kulturminister Eric Thill.
Communiqué vum Kulturministère