Ouverture vum neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt - eng Ulafstell, Betreiung an Ënnerstëtzung fir all Affer vu Gewalt

Den 28. Abrëll huet d'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, den neien nationalen Zentrum fir Affer vu Gewalt, kuerz "CNVV", ageweit, dëst a Präsenz vum Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Elisabeth Margue, Justizministesch, a Vertriederinnen a Vertrieder vun der Policie judiciaire an dem Lëtzebuerger Roude Kräiz. 

Ab dem 29. Abrëll 2025 proposéiert den CNVV alle volljäregen a mannerjäregen Affer vun all Form vu Gewalt (sief dat kierperlech, sexuell a psychologesch Gewalt) en onbeschränkten Zougang, eng professionell Betreiung, en oppent Ouer an eng ambulant Versuergung op der Plaz, a garantéiert eng séier Iwwerweisung an d'Urgencen. D'Zil vun dësem neie Projet ass et, de Parcours vu Gewaltaffer ze verbesseren. Dat duerch eng multidisziplinär Ekipp, déi op enger eenzeger Plaz eng Hëllef ubitt, grad wéi och d'Méiglechkeet vun enger globaler Prise en charge, an Zesummenaarbecht mat aneren operative Partner. Dës Prise en charge berout op véier Pilieren:

  • psychosozial Ënnerstëtzung,
  • medizinesch Ënnerstëtzung,
  • Interventioun vun der Police an d'Méiglechkeet eng Plainte ze deposéieren,
  • rechtlech Informatiounen.

Dës nei Struktur ass als zousätzlech Kontaktstell zum nationale System fir Hëllef fir Gewaltaffer konzipéiert, a bitt ausserhalb vun de Bürosstonne vun de besteeënde Servicer en Accueil, en oppent Ouer an eng geziilten Hëllef un, déi op d'Bedürfnisser vum jeeweilegen Affer zougeschnidden ass. Bei Bedarf, kann den Zentrum d'Affer och u spezialiséiert Servicer fir e mëttel- a laangfristege Suivi weiderleeden.

Haut ass de Lancement vun der Pilotphas vum CNVV, mat dem Zil seng Offer mëttelfristeg auszebauen, esou datt den Zentrum ab 2026 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7 op ka sinn.

D'Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit, huet fir d'éischt de Vertriederinnen a Vertrieder vum Lëtzebuerger Roude Kräiz, de Justizautoritéiten, den zoustännege Ministèren an de Partner um Terrain Merci gesot fir hire konstruktive Bäitrag un der Konzeptioun an der operativer Ëmsetzung vun dëser neier Struktur. Fir d'Ministesch kann de CNVV nëmmen da säi vollt Potential entfalen, wann all Acteuren zesummeschaffe fir eng optimal Prise en charge vun de Gewaltaffer ze garantéieren.

D'Ministesch Backes huet ervirgehuewen, datt d'Kreatioun vum CNVV en historesche Projet am Kader vum Regierungsprogramm war, deen och eng Äntwert op laangjäreg Fuerderunge vun nationalen an internationale Partner war, wéi ënner anerem dem GREVIO (dem Expertegrupp vum Europarot zur Bekämpfung géint Gewalt géint Fraen a Gewalt am Stot).

D'Ministesch betount: "Fir mech ass dës Initiative en Häerzensprojet mam Zil de Parcours vun den Affer zu Lëtzebuerg ze verbesseren an ze professionaliséieren, a gläichzäiteg eng weider Victimiséierung ze vermeiden. Mäi Message ass kloer: Dir sidd net eleng, et gëtt Hëllef! Dëse Slogan soll net aus eidele Wierder bestoen. Ech sinn iwwerzeegt dovunner, datt de CNVV an dëser Hisiicht eng reell Plus-Value fir de besteeënde Reseau wäert sinn."

De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend freet sech doriwwer, "datt de CNVV och Kanner a jonk Gewaltaffer ophëlt. Hinnen e séchert a vertraulecht Ëmfeld ze bidden ass e wichtegt Uleies vun eiser nationaler Politik zugonschte vun de Kannerrechter. Duerch d'Abezéie vum Office national de l'enfance kënne mir eng schnell a koordinéiert Prise en charge garantéieren, déi de Bedürfnisser vun de jonken Affer gerecht gëtt."

D'Elisabeth Margue, Justizministesch, déi vun Ufank un un der Entwécklung an der Ëmsetzung vum CNVV bedeelegt war, betount, datt "säit dem Ufank vu mengem Mandat, hunn ech aus dem Kampf géint d'Gewalt eng Prioritéit gemaach, andeem ech entspriechend Reformen an d'Weeër geleet hunn, besonnesch am Hibléck op Gewalt am Stot a sexuell Gewalt. Mat der Kreatioun vun dësem Zentrum verfollege mir eng eenheetlech Approche, déi op d'Affer zentréiert ass andeem mir déi wichtegst Ressourcen an Hëllefen op enger eenzeger Plaz regroupéieren. Hei kann all Affer déi néideg juristesch Informatioune kréien."

D'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez preziséiert: "géintiwwer Gewalt sollt keng Persoun eleng gelooss ginn. Den CNVV ass eng konkret Äntwert op en urgente Besoin an ass eng wichteg Etapp an eisem Bestriewen de Parcours vun der Prise en charge besser ze strukturéieren. Dësen Zentrum bitt eng oppen Ulafstell, eng Orientatiounshëllef an e schnellen Zougang zu enger adaptéierter medezinescher Versuergung, notamment iwwer d'Urgencen. Dëse Pilotprojet ass e Beweis fir déi enk Zesummenaarbecht tëscht den Institutiounen am Déngscht vun den Affer."

D'Ashanti Berrend, Responsabel fir den CNVV vum Roude Kräiz ënnersträicht: "Den CNVV ass e wichtege Fortschrëtt fir d'Affer vu Gewalt, well eng multidisziplinär Ekipp op enger eenzeger Plaz Hëllef, Berodung an d'Méiglechkeet vun enger globaler Prise en charge ubitt."

Centre national pour victimes de violences

Kontakt CNVV:

 

Adress: 3A, Val Ste Croix, L-1371 Luxembourg

Arrêt Tram/Bus: Stäreplaz - Étoile

Telefon: (+352) 27 55 53 15

Mail: info.cnvv@croix-rouge.lu

Ëffnungszäite vum CNVV:

 

Méindes bis Donneschdes: 17:00 bis 00:00 Auer

Freides: 18:00 bis 2:00 Auer

Samschdes: 10:00 bis 2:00 Auer

Sonndes: 10:00 bis 00:00 Auer

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet a vum Justizministère