Aktualiséiert den
CORNHUB ≠ REALITÉIT: eng Sensibiliséierungscampagne vu BEE SECURE iwwert pornografesch Inhalter um Netz
Déi Jonk vun haut si fréi pornografeschen Inhalter ausgesat, déi a just e puer Klicken accessibel sinn. Laut dem Radar 2025 vu BEE SECURE, gi bal 60% vun de Jonken tëscht 12 a 17 Joer un, dass Leit an hirem Alter op d'mannst geleeëntlech esou Inhalter konsuméieren. Mee dës Inhalter vermëttele verschidden Duerstellunge vu Geschlechterrollen, Männlechkeet, Weiblechkeet a Sexualitéit, déi en Afloss op d'Perceptioun vun dësen Theeme kann hunn.
Mat dëser neier Campagne, wëll BEE SECURE de Phenomeen vun der online Pornografie thematiséieren an déi Jonk encouragéieren, dës Inhalter méi kritesch ze hannerfroen an ze verstoen, dass online Pornografie net der Realitéit entsprécht.
Verzerrten Duerstellungen an d'Wichtegkeet vum kriteschen Hannerfroen
Zil vun der Campagne ass ët déi Jonk dorop ze sensibiliséieren dass Pornografie virun allem eng kommerziell motivéiert Inzenéierung ass, déi hir Opfaassung vu Sexualitéit beaflosst.
Duerch d'Vermëttele vu verzerrten Erwaardungen a Saache Leeschtung, Kierperbild oder Bezéiungen, dréit d'Pornografie zu engem verfälschte Bild vu Sexualitéit bäi.Pornografesch Inhalter sollen d'Opmierksamkeet op sech zéien an eng Reaktioun provozéieren, mee si weise seelen d'Komplexitéit, d'Kommunikatioun oder d'Gefillswelt déi real sexuell Erfarunge mat sech bréngen. Doriwwer eraus ginn si net op gesondheetlech Aspekter an, wéi d'Notze vu Verhütungsmëttelen.
D'Campagne soll och de Fonctionnement vun der Porno-Industrie erklären, déi fir déi Jonk dacks onduerchsiichteg ass. Dës Industrie gëtt vun e puer groussen Entreprisen dominéiert, déi déi Haaptplattforme kontrolléieren. PMee parallel dozou fannen nei Modeller hire Wee, andeems si Inhalter proposéieren, déi direkt vu Privatpersounen, mee heiansdo och vu professionellen Agencë produzéiert ginn. Verstoe wien hannert dëse Biller stécht, wat d'Zil ass a wéi eng wirtschaftlech Konsequenze verfollegt ginn, ass en éischte Schrëtt a Richtung vun enger méi kritescher Ausenanersetzung mat der mediatiséierter Sexualitéit.
E fiktiven Universum fir ze sensibiliséieren: Wëllkomm an der Inzenéierung
Fir d'Zilgrupp op spilleresch Aart a Weis ze erreechen, gräift BEE SECURE op en neits op seng fiktiv a visuell markant "Cyber-Jungle" zeréck, déi ënnert dem Motto "Gleef net alles am Netz" zum kriteschen Hannerfroen incitéiert." Dësen Universum verbënnt Humor an Absurditéit fir de Mechanismus vun enger Welt opzedecken, wou alles berechent, kommerziell an inzenéiert ass. Domat soll zum Hannerfroe vun der Glafwierdegkeet vun online Contenu ugereegt ginn.
Eng Campagne déi op kënschtlech Intelligenz baséiert
Fir d'Muecht vun digitalen Inhalter ze illustréieren, goufe sämtlech Visueller vun dëser Campagne mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz (KI) produzéiert. Dëse spezifesche Choix soll gläichzäiteg d'Méiglechkeete wéi och déi potenziell Gefore vun der KI bei der Produktioun vun digitalen Inhalter an der visueller Manipulatioun verdäitlechen.
Eng multimedial Diffusioun fir e maximalen Impakt
Fir déi Jonk op d'Erausfuerderunge vu sexuellen Duerstellungen am Netz ze sensibiliséieren an zu engem méi opgekläerten, kriteschen a verantwortleche Mediekonsum ze encouragéieren, gëtt dës Campagne vu BEE SECURE iwwer verschidde Kanäl diffuséiert: op den sozialen Netzwierker, duerch ëffentlechen Affichage, a mat der Ënnerstëtzung vu lokalen Influencer.
Iwwert BEE SECURE
BEE SECURE ass eng Initiativ vun der Lëtzebuerger Regierung, déi vum Nationale Jugendservice (SNJ, Service national de la jeunesse) a vum KJT, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg House of Cybersecurity (LHC), der Police an dem Lëtzebuerger Parquet ëmgesat gëtt. BEE SECURE gëtt vum SNJ koordinéiert a vun der Europäescher Kommissioun kofinanzéiert.
Communiqué vum Nationale Jugendservice (SNJ)