Festivitéite fir de 25-järegen Trounjubiläum vum Grand-Duc

Am Kader vum 25-järegen Trounjubiläum vum Grand-Duc fannt Dir hei ënnendrënner de Programm vun de Festivitéiten, déi Samschdeg, den 21., Sonndeg, den 22. a Méindeg, den 23. Juni wäerte stattfannen.

Samschdeg, den 21. Juni 2025

19.30 Auer

Am Kader vun der offizieller Éierung zum 25-järegen Trounjubiläum ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg virun der Gemeng um Knuedler empfaangen.

21.00 Auer

Um Knuedler huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse um Concert vun der amerikanescher Jazz-Sängerin Dee Dee Bridgewater mam Orchestre national de Jazz Luxembourg, ënnert der Leedung vum Gast Waltzing deel.

22.45 Auer

Nom Concert geet déi groussherzoglech Koppel zeréck bei de Palais. Hei fënnt dann d'Projektioun vun engem Spektakel "son & lumière" statt, wou op der Fassade vum Palais déi 25 Joer Regentschaft Revue passéiere gelooss ginn.

Sonndeg, den 22. Juni 2025

Um Virowend vun Nationalfeierdag, ginn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse am spéiden Nomëtten op Esch-Uelzecht.

Den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin wäerten d'Gemeng Monnerech besichen.

Owes huelen déi groussherzoglech Koppel an d'groussherzoglech Famill un den traditionelle Festivitéiten an der Stad Lëtzebuerg deel. Si suivéieren de Fakelzuch a kucke sech duerno, zesumme mat der Bevëlkerung, dat traditionellt Freedefeier un.

Méindeg, den 23. Juni 2025

De Programm vun Nationalfeierdag fänkt mat der offizieller Zeremonie un, déi d'Regierung zu Éiere vum Grand-Duc an der Philharmonie organiséiert, dëst a Präsenz vun der groussherzoglecher Famill. Dëst Joer soll dës Zeremonie ganz am Zeeche vum 25-järegen Trounjubiläum stoen.

No der Zeremonie huelen de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, den Ierfgroussherzog an d'Ierfgroussherzogin an de Prënz Sébastien un der Prise d'armes an un den Zivil- a Militärparaden deel.

De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog wäerten d'Truppen inspizéieren.

Op Invitatioun vum Äerzbëschof gëtt nomëttes e feierlechen Te Deum an der Kathedral Notre-Dame gehalen, un deem de Grand-Duc an d'Grand-Duchesse esou wéi déi groussherzoglech Famill deelhuelen.

Communiqué vum Staatsministère / Maison du Grand-Duc / Ville de Luxembourg 

Organisatioun

Staatsministère

Event Datum

21.06.2025 - 23.06.2025