Aktualiséiert den
Lëtzebuerg feiert fir d'éischte Kéier den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch
De Kulturminister Eric Thill huet d'Éier, den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch unzekënnegen, deen déi alleréischte Kéier de 26. September gefeiert gëtt.
Eng Mesure aus dem Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch
D'Schafe vun engem nationalen Dag fir d'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur steet an der Mesure 38 vum Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch, deen de Regierungsrot de 14. Dezember 2022 ugeholl huet.
All 26. September – den Dag, op deem och den Europäeschen Dag vun de Sproochen ass – soll d'Lëtzebuerger Sprooch an d'Méisproochegkeet gewierdegt ginn, dëst am Enseignement, der Erwuessenebildung an der Fuerschung gradewéi a ville kulturelle Beräicher wéi der Literatur, der Musek an dem Theater.
De Message vum Dag
D'Editioun 2025 vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch steet ënner dem Motto "Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt". De Kulturministère setzt hei, mat Hëllef vun aneren Acteuren, den Accent op d'Lëtzebuergescht, eng Sprooch, déi esou lieweg a villsäiteg ass ewéi ni virdrun.
D'Promotioun vum Lëtzebuergesche geschitt haaptsächlech duerch méi eng grouss Visibilitéit vun der Sprooch am ëffentleche Raum. D'Haaptzil dëst Joer ass et, d'Lëtzebuergescht als lieweg Sprooch ze stäerken a säin aktive Gebrauch ze encouragéieren, andeems seng zentral Roll an eiser méisproocheger Gesellschaft ervirgehuewe gëtt.
Am Kader vun der Pressekonferenz huet de Kulturminister Eric Thill ervirgehuewen:
"Eng Sprooch ass net nëmmen e Kommunikatiounsmëttel, se baut Brécken a verbënnt. D'Lëtzebuergescht spigelt eis Originnen, eis Geschicht an eis gemeinsam Identitéit. Lëtzebuergesch schwätzen heescht, e liewege Patrimoine ze deelen, awer och duerch d'Stäerke vum Zesummenhalt an dem Fërdere vun engem oppenen Ëmgang mateneen d'Zukunft ze preparéieren.
De Programm vum 26.09.
Am Kader vun dëser éischter Editioun gëtt en ofwiesslungsräiche Programm queesch duerch dat ganzt Land ugebueden. De Programm besteet aus Konferenzen, Concerten, Ausstellungen, Theateratelieren a pedagogeschen Aktivitéite ronderëm d'Sprooch gradewéi dem Erschénge vun neie Publikatiounen iwwer d'Lëtzebuergescht an d'Méisproochegkeet.
Des Weidere komme bei der Geleeënheet vun dësem Dag en ettlech nei Publikatiounen eraus, déi d'Theematik vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Méisproochegkeet behandelen.
Dir fannt de komplette Programm vum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch hei.
Opruff fir Projeten 2026
De Kulturministère huet fir déi éischt Editioun en ambitiéise Programm op d'Bee gestallt, wuelwëssend, datt et nach vill aner Piste gëtt, fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken.
An dëser Optik lancéiert de Ministère en Opruff fir Projeten am Hibléck op d'Editioun 2026. D'kulturell Acteuren, d'Schoulwiesen an all interesséiert Persoun sinn invitéiert, hir Iddien an Initiative bäizesteieren. All Propose si wëllkomm, fir zesummen dës nei national Traditioun ze beräicheren a weiderzeentwéckelen.
Communiqué vum Kulturministère