Aktualiséiert den
International Visibilitéit fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat der neier Duden-Publikatioun:''Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken''
De Cornelsen Verlag presentéiert haut eng nei Duden-Publikatioun: „Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken“, vun der Linguistin Dr. Nathalie Entringer an dem Sproochhistoriker Dr. Sam Mersch, aus dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS).
D’Buch gehäit en oppenen a virwëlzege Bléck op d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur, andeems et Wëssenschaft mat der Freed um Liese verbënnt:
- Et beschreift interessant sproochlech Phenomeener, déi d’Lëtzebuerger Sprooch besonnesch auszeechnen,
- et ënnersträicht d’Diversitéit vu Wierder, Ausdréck a sproochleche Formen,
- a presentéiert spannend kulturhistoresch Entwécklungen, ergänzt duerch kulinaresch a sproochlech „Schneekegkeeten“.
D’Publikatioun weist, datt d‘Lëtzebuergescht net nëmmen eng lieweg Sprooch ass, ma och eng zentral Roll an eiser multilingualer Gesellschaft spillt. D’Buch ass domat net nëmme fir Lëtzebuerg relevant, ma bitt och engem däitschsproochege Publikum am Ausland eng nei Perspektiv op déi sproochlech a kulturell Villfalt vum Grand-Duché.
D’Verëffentlechung fält an eng symbolkräfteg Woch: Nieft der Buchpremière feiert Lëtzebuerg och dëse Freideg, 26. September den éischten „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“, ënner dem Motto "Schwätz mat – Lëtzebuergesch verbënnt". All Joer, de 26. September – zäitgläich mam Europäeschen Dag vun de Sproochen – steet d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mat der Méisproochegkeet am Mëttelpunkt. De ganze Programm vu Konferenzen, Concerten, Ausstellungen, Theateratelieren a pedagogeschen Aktivitéite ronderëm d'Sprooch fannt dir hei.
D’Buch „Lëtzebuergesch – Vom Schnëssen und Schneeken“ ass vun haut un an de Bicherbutteker ze kréien.
Communiqué par le ministère de la Culture / Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch