D'Lëtzebuerger Sprooch verbënnt – och an der Schoul

De 26. September ass den éischten Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch. Bei dëser Geleeënheet hunn de Minister fir Kultur, Eric, Thill an de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d'Aktioune virgestallt, déi ronderëm dësen Dag an de Schoule virgesi sinn, souwéi déi Mesuren, déi d'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fërdere sollen.

Verschidden Initiativen hunn d'Lëtzebuergescht op dësem Dag besonnesch an d'Vitrinn gestallt. Dozou gehéiert d'Billerbuch Wat mécht eis zum Mënsch?, wat schonns a 44 Sproochen iwwersat ginn ass a rezent eben och op Lëtzebuergesch, awer och de Concert am Kulturministère vum Kannerchouer Ice Clic, e Grupp vu Kanner am Alter vun 8 bis 12 Joer oder d'Geleeënheet fir d'Schüler aus dem Secondaire, fir Artikele fir de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ze schreiwen.

D'Lëtzebuerger Sprooch, ee wichtegen Deel vun eiser Méisproochegkeet

Zanter Jore gewënnt d'Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi u Popularitéit. D'Lëtzebuergescht ass Deel vun der Méisproochegkeet, déi eist Land ausmécht a spillt eng wichteg Roll als eng Sprooch déi Brécke baut an de sozialen Zesummenhalt stäerkt, och an eise Schoulen a Betreiungsstrukturen.

Vun der Klengkandbetreiung bis zur Grondschoul, vum Lycée bis zur Erwuessenebildung, gouf et nach ni souvill Geleeënheeten, Lëtzebuergesch ze léieren a sech mat der Lëtzebuerger Kultur a Geschicht ze befaassen. Dësen Engagement wäert 2025/2026 nach weider verstäerkt gi mat neien Outilen a Methoden.

Vu Schoulbicher bis bei Online-Plattformen

An de Grondschoule gëtt säit der Rentrée 2025/2026 neit pedagogescht Material verdeelt fir d'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch. Et sinn dëst nei Liesbicher mat enger Auswiel u lëtzebuergeschen Texter fir d'Cyclen 3 a 4.

Vu Januar 2026 u gëtt eng Sproochekëscht un all Cycle 1 verdeelt. Dësen didakteschen Outil proposéiert iwwer 100 Aktivitéite ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend féiert och Iwwerleeungen, fir Lëtzebuergeschcoursen och fir déi privat international Schoulen obligatoresch anzeféieren. An den ëffentlechen internationale Schoulen zu Lëtzebuerg hunn d'Schüler obligatoresch Lëtzebuergeschcoursë vum éischte Joer am Enseignement primaire u bis zum drëtte Joer am Enseignement secondaire.

Och am Institut national des langues Luxembourg (INLL) ginn nei Methoden ugebueden, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Mat Moving Languages ass ët méiglech, fir Lëtzebuergesch an nëmmen aacht Wochen ze léieren an en A2-Niveau ze erreechen. Dës immersiv Method, déi op engem Konzept aus Liechtenstein baséiert, leet den Accent virun allem op Verstoen a Schwätzen. 30 Persounen hu sech fir dës Hierschtsessioun ageschriwwen.

Parallel schafft den INLL och un enger neier Plattform fir den Auto-apprentissage vun der d'Lëtzebuerger Sprooch. D'Plattform wäert gratis sinn a soll am Laf vum Schouljoer 2025/2026 online goen. De Fokus wäert op spezifesche professionelle Beräicher leien, ugefaange mat de Secteure vun der Fleeg an der non-formaler Bildung.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend / Kulturministère