ACD on Tour: am Déngscht vum Steierzueler – 3 nei Servicer

All déi Steierzueler, déi hir Steiererklärung nach net bei d'Steierverwaltung erageschéckt hunn, krutten den 6. Oktober e Rappel Heem geschéckt, genee esou wéi e Flyer vun der Sensibilisatiounscampagne 123easy "ACD on Tour: Dir frot, mir äntweren".

Dëse Rappel gouf extra ee Mount éischter wéi bis elo geschéckt fir dass d'Leit Zäit hu mat hire Froen op d'Informatiounsstänn vun der Steierverwaltung an ee vun de fënnef Akafszenteren vun der Campagne ze kommen.

Wéinst dem Succès vun der éischter Roadshow 123easy "ACD on Tour: Dir frot, mir äntweren", organiséiert d'Administration des contributions directes (ACD) eng 2. Sensibiliséierungscampagne tëschent dem 14. Oktober an dem 21. November.

Dës Campagne fänkt am Oktober zu Wäiswampech un, mécht Statioun a fënnef Akafszentere verdeelt duerch d'Land, a geet am November zu Bartreng op en Enn.

Hei sinn d'Datumer vun "ACD on Tour":

  • 14.10 Wäiswampech − Shopping Center Massen: 12-18 Auer;
  • 15.10 Mertert − Copal Mertert-Wasserbillig: 12-18 Auer;
  • 16.10 Esch-Belval − Plaza Shopping Center: 12-18 Auer;
  • 28.10, 29.10, 30.10 Luxembourg-Ville − Cloche d'Or Shopping Center: 12-18 Auer;
  • 19.11, 20.11, 21.11 Bartreng − Belle Étoile Shopping Center: 12-18 Auer.

D'Zil vun der Campagne 123easy "ACD on Tour: Dir frot, mir äntweren" ass:

  1. Presentatioun vum elektroneschen Assistent fir d'Steierzueler z'encouragéiere fir hir Steiererklärung online mam Assistent iwwert MyGuichet.lu auszefëllen;
  2. Presentatioun vun 3 neien Servicer: der Helpline vum elektroneschen Assistent vum Contact center vun der ACD, dem elektroneschen Assistent vu MyGuichet.lu op englesch, an dem Tutorial vum Assistent op Lëtzebuergesch;
  3. Presentatioun vun der einfach virausgefëllte Steiererklärung;
  4. Presentatioun vun oppene Plazen bei der ACD.

D'ACD huet 3 Nouveautéiten am Gepäck!

Wärend der éischter Sensibiliséierungscampagne huet d'Steierverwaltung op d'Besoine vun de Steierzueler gelauschtert an doropshin d'Offer vun de Servicer ugepasst fir se weider ze verbesseren am Déngscht vum Steierzueler.

1. Helpline vum elektroneschen Assistent

En einfachen Uruff kann alles a Gang bréngen. Ab dem 1. Oktober stellt de Contact center eng Helpline zur Verfügung, wou d'Steierzueler punktuell Froen zum Ausfëlle vun der Steiererklärung (Model 100) iwwert den elektroneschen Assistent vu MyGuichet.lu beäntwerte kréien. Dës Helpline ass ausschliisslech virgesi fir d'Ënnerstëtzung an d'Begleedung vun de Steierzueler bei der Notzung vum elektroneschen Assistent.

Eng Fro, oder eng Onsécherheet? D'Mataarbechter vum Contact center guidéieren de Steierzueler iwwer Telefon fir:

  • D'Felder z'erklären, och déi technesch usprochsvollst;
  • Ze hëllefe fir heefeg Feeler ze vermeiden;
  • All aner Froen iwwert den elektroneschen Assistent vu MyGuichet.lu ze beäntweren.

Erreechbar ass de Service vun der Helpline vu Méindes bis Freides a vu 7:45 Auer bis 17 Auer.

D'Nummer vun der Helpline ass: (+352) 247-53000.

Fir steierlech Ufroe ginn d'Steierzueler gebieden, de Kontaktformular op der Internetsäit acd.lu ze benotzen. Et ass ze bemierken, dass d'ACD net d'Roll vun engem onofhängegem Steierberoder iwwerhëlt.

2. Den elektroneschen Assistent vu MyGuichet.lu elo och op Englesch!

Wärend der Roadshow stellt d'ACD den elektroneschen Assistent vir, deen ab elo och op Englesch op MyGuichet.lu disponibel ass.

3. Tutorial op Lëtzebuergesch

Niewent Franséisch, Däitsch an Englesch kann een den Tutorial vum elektroneschen Assistent elo och op Lëtzebuergesch kucken. Dëse praktesche Guide begleet d'Steierzueler Schrëtt fir Schrëtt beim Ausfëlle vu senger Steiererklärung, fir déi ganz Prozedur méi einfach an accessibel ze maachen. All Tutorials fënnt een op 123easy.lu, op Guichet.lu an op YouTube.

Méi Informatiounen op acd.lu an op 123easy.lu.

Communiqué par l'Administration des contributions directes 

Organisatioun

Steierverwaltung

Event Datum

07.10.2025