Den Eric Thill iwwerreecht déi éischt lëtzebuergesch Iwwersetzunge vun den europäeschen Traitéen

Den 2. Dezember 2025 huet de Kulturminister, Eric Thill, am Kader vun der ëffentlecher Sëtzung vun der Chamber dëser offiziell en Exemplaire vun der zertifizéierter Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vun de véier Basistexter vun der Europäescher Unioun iwwerreecht, wéi am Artikel 55, Paragraf (2) vum Traité iwwer d'Europäesch Unioun virgesinn. Dat sinn:

  • d'Charta vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun;
  • den Traité iwwer d'Grënnung vun der Europäescher Atomenergiegemeinschaft;
  • den Traité iwwer de Fonctionnement vun der Europäescher Unioun;
  • den Traité iwwer d'Europäesch Unioun.

A senger Matdeelung huet de Minister drun erënnert, datt déi nei Verfassung vum 1. Juli 2023 fir d'éischt Kéier e Passage iwwer d'Sproochen, a méi spezifesch iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, virgesäit. Am Artikel 4 stipuléiert se deemno: "D'Sprooch vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ass d'Lëtzebuergescht."

"D'Verankerung vum Lëtzebuergeschen an der Verfassung ass e wichtege Schrëtt fir seng Valorisatioun op der internationaler Bün an erméiglecht eng nei Reflexioun iwwer seng Roll op europäeschem Niveau", huet de Minister erkläert.

Hien ass och op den Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch agaang, dee sech op d'Gesetz vun 2018 iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch baséiert an deem seng 25. Mesure ausdrécklech virgesäit, d'Lëtzebuergescht an der Europäescher Unioun an am Europarot ze valoriséieren. An dësem Kontext hat de Minister sech de leschte Freideg zu Bréissel, um Rand vum Kulturministerrot, mat der Generalsekretärin vum Conseil vun der Europäescher Unioun, Thérèse Blanchet, getraff, fir hir den éischten Exemplaire vun der zertifizéierter lëtzebuergescher Iwwersetzung vun de genannten Texter souwéi eng lëtzebuergesch Iwwersetzung vun eiser Verfassung ze iwwerreechen.

Dobäi huet de Minister betount, datt "dëst en entscheedende Schrëtt fir d'Visibilitéit vun eiser Sprooch op europäeschem wéi och op nationalem Niveau duerstellt. Esou gëtt d'Roll vum Lëtzebuergeschen an de Multilinguismus, déi zesummen d'Aussergewéinlechkeet vun eiser Gesellschaft an eisem Staat ausmaachen, bestätegt. D'Initiativ weist och den Engagement an d'Bereetschaft vu Lëtzebuerg, fir déi sproochlech a kulturell Diversitéit vun der EU ze erhalen an ze stäerken."

Wärend senger Interventioun virun de lëtzebuergeschen Deputéierten huet den Eric Thill nach ënnerstrach, datt dës Iwwersetzungen dem Lëtzebuerger Staat d'Méiglechkeet ginn, méi en déifgräifenden Austausch iwwer d'Plaz vum Lëtzebuergeschen an den Europäeschen Instanzen unzefänken. Hien huet awer kloergestallt, datt dës Initiativ keng Ufro duerstellt, fir dem Lëtzebuergeschen de Status vun enger offizieller EU-Sprooch ze ginn. Am Respekt vum Multilinguismus, deen eist Land charakteriséiert, favoriséiert d'Regierung an dësem Kontext eng adaptéiert an nuancéiert Approche, déi villméi dorop ausgeriicht ass, d'Lëtzebuergescht an den Europäeschen Institutiounen ze valoriséieren a seng Presenz an der europäescher Sproochelandschaft ze stäerken.

Communiqué vum Kulturministère

Regierungsmember

THILL Eric

Organisatioun

Kulturministère

Event Datum

02.12.2025